· 

Subventiounskrich beim TICE

Millioune fir Waffen awer keng fir den TICE

Den Transportminister François Bausch (déi Gréng) dréint dem Bus-Syndikat TICE de Geldkrunn zou. 9 Milliounen wëllt hien eleng bei de Subventiounen aspueren. Normal, schliesslech huet hien der Ukrain scho fir 171 Milliounen u Waffe subventionéiert.

▲ Lëtzebuerg huet 2022 100 Milliounen € an 2023 71 Milliounen € u Waffen fir d'Ukrain ausginn. D'Subventiounen fir den TICE belafen sech op 39 Milliounen a sollen em ee Véirel gekierzt ginn.
▲ Lëtzebuerg huet 2022 100 Milliounen € an 2023 71 Milliounen € u Waffen fir d'Ukrain ausginn. D'Subventiounen fir den TICE belafen sech op 39 Milliounen a sollen em ee Véirel gekierzt ginn.

D’Personal misst sech keng Suerge maachen, well fir dëst Joer a fir 2024 wären d’Subventiounen vum Staat zugonschte vum TICE nach garantéiert, erkläert den Transportminister François Bausch den 13. Juli 2023 a séngem Communiqué als Reaktioun op d‘Matdeelung vun der Personaldelegatioun vum 11. Juli, déi dem grénge Minister virwerft, Aarbechtsplazen op d'Spill ze setzen an dofir mat gewerkschaftlechen Aktiounen dréit.

▲ Matdeelung vun der TICE-Personalvertretung vum 11/07/2023
▲ Matdeelung vun der TICE-Personalvertretung vum 11/07/2023

Mat senger Taktik probéiert de François Bausch déi 540 Beschäftegter vum Gemengesyndikat TICE ze emgaachelen. Paradoxerweis schreift den Transportminister a sengem Communiqué awer, datt misst kloergestallt ginn, wat fir eng TICE-Linnen an Zukunft vun de private Busentreprisen iwwerholl ginn, wat ee klore Wénk op eng bevirstoend Privatiséierung duerstellt, virun där schonn de 14. Mee 2023 an der Wochenzeitung WOXX gewarnt gouf. Am WOXX-Artikel gëtt op d’Sträiche vun 9 Milliounen u Subventiounen fir de Bus-Syndikat aus de Südgemengen higewisen. Dës Kierzung gëtt ënner anerem mam Bau vum geplangten Tram vu Bieles bis op d’Cloche d’Or erkläert, well d’TICE-Bussen dann nach just Zoubréngerdéngscht op verschidde Punkten wäerte maachen.

▲ Op enger Pressekonferenz vum 21/10/2020 huet den Transportminister François Bausch déi geplangten Tramslinn vu Bieles op d'Cloche d'Or virgestallt.
▲ Op enger Pressekonferenz vum 21/10/2020 huet den Transportminister François Bausch déi geplangten Tramslinn vu Bieles op d'Cloche d'Or virgestallt.

"Erbatterte Widerstand"

An engem Video op Facebook, bestätegt de Käerjhenger Buergermeeschter, CSV-Deputéierten an TICE-President Michel Wolter dës Informatioun a schwätzt vu bis zu 150 Aarbechtsplazen, déi um Spill stinn, sollt den Transportminister dem Gemengesyndikat tatsächlech de Geldkrunn zoudréinen. Hie stellt sech an dëser Fro Honnert Prozent virun d’Personal a fäert em d’Zukunft vum gesamten TICE.

Den President vum TICE-Verwaltungsrot Michel Wolter op Facebook, 12/07/2023.

Och den LSAP-Deputéierten Dan Kersch kënnegt op Facebook „erbatterte Widerstand“ géint dem Transportminister seng Pläng un.

Ofbau vu 35 Bussen

D’Deputéiert vun déi Lénk, Myriam Cecchetti, weist sech skandaliséiert a verweist op de Rapport vum TICE-Comité vum 10/11/2022, an deem kloer steet, datt 9 Milliounen Euro manner u Subventiounen vum Transportminister un de Gemengesyndikat iwwerwise ginn. 

Opgeworf gouf an dëser Sëtzung och:

🔴 en Ofbau bei den TICE-Linnen

🔴 eng Reduktioun vun der Frequenz op den eenzele Linnen

🔴 komplett Astelle vum Schülertransport

🔴 Astellungsstopp vu Buschaufferen ënnert dem Statutt vum Fonctionnaire.

Dëst géif eng Aspuerung vu 35 Busse an eng Entloossung vu mindestens 35 Chauffeuren bedeiten.

 

Stéisst de "Gratis" ëffentlechen Transport u seng Grenzen?

Et wär méi wéi peinlech, wann ausgerechent den TICE, deen eréischt virun dräi Méint seng nei Raimlechkeeten a Betrib geholl huet, vum Transportminister François Bausch, deen op der Erëffnungsfeier duerch Ofwiesenheet geglänzt huet, finanziell géif ausbludde gelooss ginn. 

▲ Bei der Aweihung vun den neien TICE-Raimlechkeeten den 20/04/2023 huet den Transportminister Bausch duerch Ofwesenheet geglänzt. (Foto LW, 21/4/2023)
▲ Bei der Aweihung vun den neien TICE-Raimlechkeeten den 20/04/2023 huet den Transportminister Bausch duerch Ofwesenheet geglänzt. (Foto LW, 21/4/2023)

Misst net grad vun engem grénge Minister d’Acteuren vum ëffentlechen Transport, zu deenen den TICE-Syndikat, deen 2024 seng 110 Joer feiert, onfeelbar dozougehéiert, ënnerstëtzen an d’Offer vum ëffentlechen Transport ausbauen? Stéisst de gratis ëffentlechen Transport zwee Joer no senger pompöser Aféierung éire schonn u seng Grenzen?

Awer de François Bausch finanzéiert léiwer Waffe fir d’Ukrain an Héicht vun aktuell 171 Milliounen Euro amplaz 39 Milliounen Euro fir ee gutt funktionéierenden TICE-Busservice auszeginn. Ongewinnt ass an deem Kontext d'Schweigen vun den zwee gréngen Verwaltungsrotsmemberen am TICE, Martin Kox a Mandy Ragny. Si wäerte sécher schonn eng Gedenkminutt fir den TICE ageluecht hunn.

▲ Extrait aus dem Staatsbudget.
▲ Extrait aus dem Staatsbudget.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0