· 

Leschten Dag vun der SNCA zu Maarnech

eng weider verwaltung gëtt aus dem éislek ofgezunn

Vun haut un gëtt d’Éislek em eng weider Administratioun méi aarm. Nom Führerschäinsexamen zitt och d’Société Nationale de Circulation automobile (SNCA) vu Maarnech fort op de Fridhaff an d’Industriezone ZANO.

▲ 13/07/2023, 16h41: lescht Minuten vun der SNCA zu Maarnech. D'Schëlter si schonn ofmontéiert.
▲ 13/07/2023, 16h41: lescht Minuten vun der SNCA zu Maarnech. D'Schëlter si schonn ofmontéiert.

Et sief drun erënnert, datt schon d’Kadasteramt vu Clierf ofgezu gouf, grad ewéi eng ganz Rëtsch Servicer aus dem Wëlzer Spidol (Maternité, Pédiatrie), fir déi d’Bierger extra musse bis op Ettelbréck fueren. Geet et de Pläng vun der aktueller Regierung no, wäerten an nächster Zukunft am Wëltzer Spidol iwwerhaapt keng Hospitalisatioune méi méiglech sinn.

Haut um 16h00 huet d’SNCA seng Dieren zu Maarnech definitiv zougemaach, well 200 Clienten den Dag „net grad déi grouss Mass duerstellen“, sou den Transportminister François Bausch (déi Gréng) den 9. Mäerz 2023 an der Chamber. Bei 250 Schaffdeeg am Joer, maachen dat ëmmerhin 50.000 Clienten aus, déi lo all gezwonge sinn, déi iwwerbelaaschten N7 bis op de Fridhaff ze benotzen, wat laut Bausch „just eng Fahrt vun 30 Minuten“ géif bedeiten. Moie Misch!

Éischtens ass dat mat den 30 Minuten vläicht fir Sonndes gülteg, zweetens ass et einfach net sérieux, ëmmer méi Verwaltungen, Déngschtleeschtungsbetriber an aner Aktivitéiten aus dem Éislek ofzezéien an se um Fridhaff, ronderem d’Stad oder um Belval unzesidelen.

Eis Politiker schéngen ze vergiessen, datt hei am Éislek och richteg Leit wunnen an net nëmmen Touristen.

▲ D'Bierger ginn drop higewisen, datt se an Zukunft op de Fridhaff musse goen.
▲ D'Bierger ginn drop higewisen, datt se an Zukunft op de Fridhaff musse goen.
▲ Eng länger Erklärung iwwert d'Pläng vum Transportminister hänkt bannenan am Büro.
▲ Eng länger Erklärung iwwert d'Pläng vum Transportminister hänkt bannenan am Büro.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0