· 

Kazemusek

Song vun ADR-Leadsänger wéinst Dissonanzen vum Netz geholl

Nodeems an der ADR-Nordsektioun eng Rëtsch Memberen aus der Partei ausgetruede sinn, hate mer op "Luxembourg Jungle" doriwwer bericht. Als Reaktioun op eisen Artikel huet de gescheiterte Leadsänger an aktuelle President vun der ADR-Jugendtrupp Testosteron säin eenzege Song vun 2021 misste vum Netz huelen.

▲ De Song vum ADR-Leadsänger, besser bekannt ënnert dem Numm Cowboy, gouf wéinst Dissonanzen vum Netz geholl
▲ De Song vum ADR-Leadsänger, besser bekannt ënnert dem Numm Cowboy, gouf wéinst Dissonanzen vum Netz geholl

Den 8. Juni hate mer iwwert den Zoff an der ADR bericht. Ugefaangen huet alles mam Deputéierten Roy Reding, dee net mat op d'Zentrumslëscht geholl gouf an aus Trotz seng eege Sensibilité politique ënnert dem Numm "Liberté Chérie" gegrënnt huet. Kuerz drop sinn eng ganz Rëtsch Comitésmemberen vun der ADR-Sektioun Norden aus der Partei ausgetrueden, well och si bei der Opstellung vun der Lëscht iwwergaange goufen.

En Insider huet eis deemols gesot, datt se bei der ADR "léiwer Waffennarren, déi an hirer Gesangscarrière versot hunn, a Leit mat Geld pushen". Mam Waffennarr mat der gescheiterterter Carrière als Leadsänger, ass keen aneren wéi den aktuelle President vun der ADR-Jugendtrupp "Testosteron" gemengt, deen am Dezember 2021 deen eenzege Song, deen hien a senger kënschtlerescher Laufbahn realiséiert huet, online gesat huet an dee mir an eisem Artikel verlinked haten. Bis viru kuerzem konnt een dat Meeschterwierk vum talentéierte Museker op YouTube ënner folgender Adresse lauschteren: https://youtu.be/GzconEDznIo.

Lo ass de Song leider net méi fir de breede Public zougänglech, wat immens schued fir all kulturbegeeschtert Leit ass. Béis Zonge behaapten allerdéngs, de Kënschtler wär opgefuerdert ginn, seng Kazemusek wéinst flagranten Dissonanzen direkt vum YouTube-Site ze huelen.

Mir bleiwen hannendrun a wäerten eis Lieser iwwert d'Fortsetzung vun dëser Affär um Lafenden halen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0