· 

Aus ADR gëtt "Liberté Chérie"

Adr virun der Spaltung?

Ëmmer méi Memberen gesinn d’ADR net méi als Alternativ un, well se net demokratesch ass, a well se festgestallt hunn, dass d'Wuert "Reform“ am Numm effektiv dat verkierpert, wat et wierklech bedeit (reform, lat. re = zréck a formare = forméieren), wat de Contraire vu Fortschrëtt an d’Rekonstruktion vun ale Reegelen bedeit. Si verloossen d’Partei. Bedeit dat d’Spaltung vun der ADR?

Op de soziale Medien huet de Roy Reding haut de Numm vu senger neier Sensibilité politique bekannt ginn: "Liberté Chérie".
Op de soziale Medien huet de Roy Reding haut de Numm vu senger neier Sensibilité politique bekannt ginn: "Liberté Chérie".

Dat bekanntenst Beispill ass wuel den Zentrumsdeputéierten Roy Reding, deen 2005 aus der LSAP ausgetrueden a bei den ADR gewiesselt ass, d'ADR dunn awer nees den 30. Juni 2023 verlooss huet, well de Bezierk Zentrum hien net op der Kandidatelëscht fir déi nächst Chamberswahlen zréckbehalen huet awer och well hien een zolitte Problem mam "völkeschen Débat“ huet, deen sech ëmmer méi duerchsetzt. "Völkisch“ ass ee Begrëff, dee laut Duden haaptsächlech am nationalsozialistesche Sënn gebraucht gëtt an ass Synonym fir "nationalistesch“ laut WiktionaryIwwert seng Beweeggrënn, d’ADR ze verloossen, huet de Roy Reding als Invité vun der Redaktioun bei RTL geschwat.

▲ Screenshot Facebooksäit, 30. Juni 2023. Dem Roy Reding säin Austrëtt aus dem ADR.
▲ Screenshot Facebooksäit, 30. Juni 2023. Dem Roy Reding säin Austrëtt aus dem ADR.

"Liberté chérie" - eng nei sensibilité politique

Nodeems de Roy Reding vum Frank Engel senger Hokus-Fokuspartei de Kuerf kritt huet, huet hie beschloss, seng eegen Sensibilité politique an der Chamber opzemaachen. An de soziale Medien kënnegt hien seng nei Groupéirung mam Numm "Liberté Chérie“ un, eng Uspillung op d’Fräiheetskämpfer, déi sech géint Tyrannei zur Wier gesat hunn an deenen an der franséischer Nationalhymne "La Marseillaise“ mat de Wierder "Liberté, liberté chérie“ gewierdegt gëtt. "De Numm ass Programm“, präziséiert de Roy Reding.

▲ Screenshot Facebook, 8. Juli 2023. De Roy Reding annoncéiert d'Grënnung vun der Sensibilité politique "Liberté Chérie" un.
▲ Screenshot Facebook, 8. Juli 2023. De Roy Reding annoncéiert d'Grënnung vun der Sensibilité politique "Liberté Chérie" un.

Revolte och am Éislek

Ma och am Norden stinn d’Zeechen op Stuerm nodeems „déi Stater“ Lemaire, Keup a Kartheiser zesumme mam Deputéierten Jeff Engelen eleng d’Lëscht fir d’Chamberswahlen zesummegesat hunn, an de Bezierk Norden dobei emgaangen hunn, wat géint d'Artikelen 23, 27, 56 a 59 vun de Parteistatuten verstéisst. Véier Comitésmemberen hu schonn demissionéiert, wéi de Radio 100Komma7 de 6. Juli 2023 gemellt huet.

▲"De Cowboy": President vun der ADR-Jugendsektioun.
▲"De Cowboy": President vun der ADR-Jugendsektioun.

Si maache, wat se wëllen. Vill blabla a soss näischt“, huet een Insider eis am Gespréich matgedeelt, deen sech och opreegt, datt se bei der ADR „léiwer Waffennarren, déi an hirer Gesangscarrière versot hunn, a Leit mat Geld pushen“.

De Lemaire an de Cowboy, wéi ech e nennen, si just karrieregeil“, huet eisen Insider gesot a verweist op ee Youtube-Video vum Maksymilian Woroszylo, deen sech no senger gescheiterter Carrière als Leadsänger am Joer 2021 als President fir d'ADR-Jugendsektioun opgesat huet an 2022 och gewielt gouf. Zanterhier méchst hien sech fir d’Bewaffnung vun der Bevëlkerung staark fir op déi Manéier d’Kriminalitéit am Land ze bekämpfen.

Fir déi Lieser, déi sech et zoutrauen: hei eng Kostprobe vum "Cowboy" senge Gesangskënschten. Et versteet een, firwat dee jonke Mënsch seng Carrière als Leadsänger un den Nol gehaangen an decidéiert huet, eppes anescht ze maachen. Haut gëtt hien den "Toun" bei der ADR-Jugendsektioun un.

Aus gutt informéierte Quelle krute mer matgedeelt, dass d’ADR d’Publikatioun vun hire Lëschten op Äis geluecht huet fir ze verhënneren, dass nach méi Memberen aus der Partei austrieden. An enger Drénglechkeetsfro hunn sech d’Deputéierte Fernand Kartheiser a Fred Keup un de Chamberspresident Fernand Etgen gewennt a froen, ob et méiglech wär, den Datum vun de Wahlen vum 7. Oktober op d’nächst Joer ze verréckelen bis sech d’Situatioun an der Partei nees berouegt an d’Emfroewäerter vun den ADR-Spëtzeleit nees verbessert hätt. Alternativ dozou kéint een d'Wahlen och ganz ofschafen, sou déi zwee Volléksvertrieder.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0