· 

No Artikel op Luxembourg Jungle

Et bleift dobei: d'Gleisen op der CFL-Nordstreck ginn eng Kéier erneiert

Nodeems mir an eisem Beitrag vum 3. Juni 2023 drop higewisen hunn, datt déi Éisleker Leit, déi mam Zuch fuere wëllen, vum Transportminister an der CFL-Direktioun kujenéiert ginn, gouf elo beschloss, den Tunnel Schieburg éischter opzemaachen, wéi geplangt.

Dëst ass fir vill Eisebunnsclienten eng gutt Nouvelle, déi dräi Wochen éischter kënnen vun der voller Längt vun der Nordstreck profitéieren. Allerdéngs ass dat net fir laang, well sou wéi mir et geschriwwen hunn, gëtt d'Streck tëscht Wëlwerwolz an Draufelt vum 20. August bis den 10. September nees gespaart.

Den Transportminister François Bausch (déi Gréng) huet nämlech beschloss, d'Gleisen, d'Schlaken an d'Schwellen, déi am Abrëll dëst Joer op deemselwechte Secteur komplett erneiert goufen, nees ze erneieren.

Wéi et heescht, wier de Minister rosen iwwert dat schlecht Wahlresultat vun de Gréngen bei de Gemengewahlen am Norden an hie wéilt op déi Manéier seng Revanche bei den Éisleker huelen.

Just an der Fro iwwert den Zäitpunkt vun der Erëffnung vum Schieburg-Tunnel huet hie sech kompromëssbereet gewisen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0