· 

Ouni gréngen Daum kee Marihuana

Bommegeschäft fir de Josy Welter & Co.

Am Hippie-Outfit huet d’Justizministesch Sam Tanson (déi Gréng) sech presentéiert fir der Press dat neit Marihuana-Gesetz ze erklären. 47 Joer nom jamaikanesche Reggae-Museker Peter Tosh sengem Welthit „Legalize It“, geet säin Opruff zu Lëtzebuerg an Erfëllung: Weed gëtt per Gesetz autoriséiert.

Véier Planze sinn erlaabt, keng Stecklingen, wéi déi gréng Ministesch betount, mee et muss ee schon ee gréngen – also: kee rouden, bloen, mauven oder brongen – mee e gréngen Daum hunn. De gréngen Daum huet näischt mat enger Krankheet ze dinn, de Konsument muss just säin Talent fir Gaardenaarbecht ënner Beweis stellen, well e muss seng Planze selwer zéie, vum Kär bis zur erwuessener Planz. Amplaz bei den Dealer op d’Stater, d’Ettelbrécker oder d’Escher Gare ze goen, geet de Konsument vun elo un ganz normal bei de Josy Welter oder an de Cactus säi Som kafen, déi sech opgrond vum neie Gesetz op ee Bommegeschäft freeën. Op déi eenzel Sektiounen vum "Garten und Heim" kënnt demnächst eng nei Aufgab duer.

Siichtschutz ronderem d'Cannabisplanzen

Kanner däerfen op kee Fall a Kontakt mat de Planze kommen, warnt d’Ministesch, déi och drop hiweist, dass d’Planzen net däerfe vu bausse gesi ginn, och net vum Noper. Si réit, ee Siichtschutz ronderem d’Planzen ze bauen. Well Cannabisplanzen allerdéngs bis zu sechs Meter héich ginn, dierf ee gespaant sinn, wéi d’Landschaftsbild zu Lëtzebuerg an e puer Méint mat deene sëllege, meterhéije Siichtschutzen ausgesäit.

Wat d’Kontrollen uebelaangt, sou kann d’Police einfach bei d’Leit schelle goen fir d’Unzuel vun de Planzen an der Wunnéng oder am Gaart ze zielen, virausgesat, d’Beamten hu virdru keng gedämpt a sinn an der Lag bis dräi, respektiv véier ze zielen. Sollt ee Verdacht op Handel mat Hasch bestoen, kann och den Untersuchungsriichter eng Kontroll beim Betraffenen doheem unuerdnen, sou d’Justizministesch.

Gesetzesverstouss ka mat Gäertnercours beim "Garten und Heim" bestrooft ginn

Bei engem Verstouss géint d’Gesetz, zum Beispill wann de Konsument méi wéi véier Planzen huet oder wann en dobaussen, am Fräien amplaz dobannen dämpt, muss e mat engem Protokoll vun 145 Euro rechnen. Kann en dee Betrag net direkt op der Plaz bezuelen, kascht et 500 Euro. Je no Verstouss kënnen d’Strofen awer och bis zu 250.000 Euro ausfalen.

Ähnlech wéi bei engem Delikt am Kader vum Code de la Route, wou de stroffällegen Automobilist muss an ee Refreshercours an de Centre de formation pour conduteurs op Colmar-Bierg goen, kann de Marihuana-Konsument zu engem Gäertnercours beim Garten und Heim veruertdeelt ginn, wat d'Héchststrof duerstellt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0