· 

Präisdeirecht

D'Liewensmëttelpräisser friessen d'indextranchen op

"D’Konsumenten si bereet, méi fir Liewensmëttel auszeginn, wann d’Qualitéit an d’Produktiounsbedingunge stëmmen", huet de Landwirtschaftsminister Claude Haagen (LSAP) gesot. Dem sozialistesche Minister säi Statement trëfft allerdéngs nach laang net op jiddereen zou. D'Präisdeirecht frësst déi ausbezuelten Indextranchen op.

Am Wort vum 30. Juni 2023 réit de Claude Haagen de Konsumenten, op qualitativ héichwäerteg Liewensmëttel, am beschten lokal, zréckzegräifen.

Natiirlech ass de Konsument gezwonge, méi Suen fir Liewensmëttel auszeginn, well d’Inflatioun Lëtzebuerg net verschount an d’Liewensmëttel eng Preissteigerung vun 12,19 Prozent opweisen. Virun engem Joer louch d’Preisdeirecht bei de Liewensmëttel nach bei 5,5 Prozent. Dat geet aus de Chiffere vum Statec ervir. Mee kucke mer eis dem Statec seng Zuelen mol méi am Detail un. Den Alkohol an den Tubak berücksichtegen ech am Clip hei ënnendrun net. D’Zuele ka jiddereen sech selwe op folgendem Link ukucken:

https://statistiques.public.lu/fr/themes/economie-finances/indicateurs-court-terme.html

Einfach an der Rubrik "Prix" de Link "Évolution récente des prix" uklicken an d’Excel-Tabell eroflueden.

Clip iwwert d'Präisdeirecht an der Period vu Juni 2022 bis Juni 2023. ▼ 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0