· 

Revanche wéinst katastrophalem Wahlresultat vun de Gréngen am Norden

Schonn nees nei gleiser tëscht wëlwerwolz an draufelt

Nodeems d’Aarbechten op der CFL-Nordstreck tëscht Wëlwerwolz a Draufelt Ufank Juni 2023 ofgeschloss an déi al Schinnen d’lescht Woch vun enger belscher Firma ewech geholl goufen fir se ze recykléieren, annoncéiert den Transport- an Arméiminister François Bausch (déi Gréng) schonn nees Gleisaarbechten um selwechten Secteur.

▲ Am Abrëll gouf de Ballast, d'Schwellen an d'Gleisen tëscht Wëlwerwolz an Draufelt komplett erneiert. Déi al Schinne goufe virun enger Woch forttransportéiert fir se ze recykléieren. Foto vum 8. Juni 2023.
▲ Am Abrëll gouf de Ballast, d'Schwellen an d'Gleisen tëscht Wëlwerwolz an Draufelt komplett erneiert. Déi al Schinne goufe virun enger Woch forttransportéiert fir se ze recykléieren. Foto vum 8. Juni 2023.

A sénger Äntwert vum 3. Juli 2023 op eng parlamentaresch Fro vun der CSV, schreift de François Bausch: "D'Erneierungsaarbechten, déi fir d'Period vum 20. August bis den 10. September geplangt sinn, gesinn eng komplett Erneierung vun de Gleiser (Schinnen, Schwellen a Ballast) tëscht Wëlwerwolz an Draufelt vir." Dobei goufen déi vum Minister Bausch ugekënnegt Gleis-Aarbechten schonn am Abrëll 2023 ausgefouert, wéi dës Informatioun vun den CFL un d'Leit, déi laanscht d'Streck wunnen, beweist.

▲ Informatiounsziedel vun den CFL un d'Leit, déi laanscht d'Eisebunnslinn Wëlwerwolz-Draufelt wunnen. D'Gleisen, de Ballast an d'Schwellen goufe schonn am Abrëll 2023 ersat.
▲ Informatiounsziedel vun den CFL un d'Leit, déi laanscht d'Eisebunnslinn Wëlwerwolz-Draufelt wunnen. D'Gleisen, de Ballast an d'Schwellen goufe schonn am Abrëll 2023 ersat.

Entweder weess am Transportministerère déi eng Hand net wat déi aner mécht oder déi nei Schinnen, dee neie Ballast an déi nei Schwellen vum Abrëll ginn no zwee Méint schonn nees ersat, well se schliesslech net méi nei sinn.

Et kann natiirlech och sinn, dass den Arméi- an Transportminister déi Éisleker Leit besonnesch kujenéiere wëllt, aus Roserei fir sech fir dat schlecht Wahlresultat vun de Gréngen bei de Gemengewahlen am Norden ze revanchéieren. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Guy Ludig (Dienstag, 04 Juli 2023 05:54)

    Wann een nët richteg liese kann, soll een och nët schreiwen. Déi Aarbechten déi am Abrëll gemaach goufen, sinn integral zou Äischer gemaach ginn. Elo bleiwt awer nach d'Streck tëscht Äischer an Drauffelt ze maachen.

  • #2

    Hubert Hollerich (Dienstag, 04 Juli 2023 11:18)

    @Guy Ludig, Dat ass net korrekt, d'astreck ass bis op Draufelt neigemaach ginn.