· 

Da léiwer d'Original

D'Christine Schweich huet keng Loscht méi op d'Zozialistesch Aarbechterpartei. Dat weess si zwar scho méi laang, mee si huet sech nach séier op hirer Lëscht wiele gelooss a wiesselt duerno, mat hirem Mandat, stante pede bei d'DP. An Zäiten, wou déi Rout ëmmer méi blo, déi Blo ëmmer méi gréng an déi Gréng ëmmer méi blo ginn, ass et souwisou egal. Si huet sech fir d'Original entscheed an dréint dem Kaviarsozialismus de Réck.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0