· 

Vive!

Wéi ech gëschter d'Militärparad kucke war, war ech erstaunt, wi vill Zaldoten, Polizisten, Pomjeeën a Scouten mir am Land hunn. Esouguer eise Militärfliger koum extra heihinner geflunn an och eng Cargolux. Si haten esouguer ee klenge ferngesteierte Fliger mat am Cortège. De Grand-Duc a seng Fra waren och do a fir d'éischte Kéier hunn ech de Staatsminister gesinn. Wann ech gutt gekuckt hunn, waren och nach aner Ministeren do. No der Parad goung et op de Kascht. Ei! Thüringer, Mettwurschten a Béier - alles wat ee fir Grossherzogsgebuertsdag brauch. Heiheem hunn ech mer dat ganzt nach eng Kéier ugekuckt, bei RTL. Wéi ech d'Fotoen ugeklickt hunn, si mer e puer Saachen opgefall, déi ech an der Neier Avenue net gesinn hunn. Kuckt selwer. ▼

Kommentar schreiben

Kommentare: 0