· 

Vu Stol an Eisen

Mir finanzéieren dem Mittal säi neie Firmesëtz - a mir maachen et gär!

Mat 273,5 Milliounen Euro finanzéiert de Lëtzebuerger Staat dem Multimilliardär a Stolbaron Lakshmi Mittal ee schéine, neie Firmesëtz fir seng Firma ArcelorMittal um Kierchbierg. Obwuel eise Staat just mat 2,5 Prozent um Kapital bedeelegt ass, bezuele mir Steierzueler d’Halschent vum neie Gebai, dat den originelle Numm "K22" kritt. A mir maachen dat gär! Déi aner halschent bezillt den Här Mittal jo selwer.

Den Här Mittal huet et am Moment net einfach. Mat engem private Verméige vu 16,4 Milliarden Dollar, gehéiert hien zwar nach ëmmer zu de räichste Mënschen op dësem Planéit, allerdéngs ass hien nach just op Plaz 106 am internationale Ranking. Viru fofzéng Joer war säi Verméigen nach duebel sou héich an hie war ënnert den éischte 50 op der Lëscht vun de räichste Mënschen. Hien huet also zég Milliarde verluer an dofir musse mir him hëllefen.

 

Hien huet eis jo och gehollef, wéi hien d’Arcelor 2006 mat enger feindlecher Iwwernahm iwwerholl huet. Zanterhier huet de Lakshmi Mittal gutt geschafft well vun den deemols bal 6.000 Stohlbeschäftegten huet hien der 2.600 ofgebaut. Haut schaffen nach 3.460 zu Lëtzebuerg bei ArcelorMittal an d’Entreprise ass vum Haaptemployeur op déi aachte Plaz erofgerutscht. Eng bekannte Supermarchéschaîne an eng Botzfirma beschäftegen hautdesdaags méi Leit wéi d’Stolindustrie. Dat ass eng fei Saach, et hu souwisou just Frontalieren do geschafft. An ausserdeem: Wat brauche mir dann haut iwwerhaapt nach eng Industrie? Et kënnt jo souwisou alles aus China oder Indien.

 

Mir Lëtzebuerger si frou mam Mittal. Säi Konzern geréiert hien a Wierklechkeet vu London aus, ma well mir sou eng formidabel Steiergesetzgebung hunn, déi et him erméiglecht, seng Profiter iwwer Lëtzebuerg ze verbuchen, huet hie beschloss, pro forma zu Lëtzebuerg ze bleiwen an um Kierchbierg eng Art Vertriedung oprecht ze erhalen. Ausserdeem huet de Lakshmi Mittal ee Lëtzebuerger Führerschäin. Deen huet hien 2011 kritt, ouni dass hien iwwerhaapt hei am Land gewunnt huet an ouni deen obligatoresche Sécherheetscours zu Colmar-Bierg ze maachen. Mir waren alleguer houfreg, dass ee Promi wéi de Mittal ee Lëtzebuerger Führerschäin krut.

 

Gläich zwee Regierungsvertrieder waren den 21. Juni um Kierchbierg beim éischte Spuetestéch dobei: de Staatsminister Xavier Bettel an de Bauteminister François Bausch. A mat Recht huet de Bausche Fränz de Lakshmi Mittal gelueft, wéi e gesot huet, am neie Gebai géif grénge Stol verschafft ginn, wat ganz an d’Richtung vun enger grénger Industriepolitik géif goen.

Mir Lëtzebuerger gleewen deene grénge Spënner souwisou näischt, déi behaapten, d’Stolindustrie wär mat 22 Prozent vun de Knaschtemissiounen dee gréissten industrielle Klimasünder aus ganz Europa. Looss se nëmme schwätzen! A wann ArcelorMittal nach esouvill Atomstrom vu Cattenom keeft – mir dach egal! Gutt, dass mer eng Regierung mat de Gréngen hunn, déi dat alles net esou enk gesäit. Ausserdeem ginn et jo Emissiounszertifikater, mat deenen een sech ka fräikafen, ähnlech wéi bei de Kompensatiounsmesüren wa Beem emgeseet ginn.

 

Fir meng Begrëffer hu mer d’Stolindustrie lo op ee gesonde Niveau rationaliséiert. De Knascht an de Kaméidi gëtt am Ausland gemaach, a bei eis fléisst d’Geld eran.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0