· 

En Atombunker fir jiddereen!

Business bis zum Batteren Enn

En Artikel am l’Essentiel online vum 19. Juni huet mech begeeschtert. D’Firma "Luxabri" vu Péiteng bitt, an Zesummenaarbecht mat der schwäizer Firma "Bunker Swiss s.àr.l." Atomschutzbunkeren un, déi een doheem a sengem Gaart baue kann.

Wärend d’Atomkrichsauer am Januar 2023 op 90 Sekonne virun 12 virgeréckelt ass – um zwielef knuppt et bekanntlech an dann ass Feierowend – probéiere gewiefte Geschäftsleit nach séier, déi verbleiwend 90 Sekonnen ze notze fir Atombunkeren un déi Leit ze verkafen, déi sech dat leeschte kënnen.

 

Op der Homepage vun der schwäizer Firma gëtt de potentielle Client esou begréisst: "Seit dem Ende des Kalten Krieges sind Konflikte zwischen Staaten aktuell geblieben und erhöhen das Risiko eines neuen Weltkriegs weiter.

 

Vun 80.000 € un kann een sech säin Atombunker an de Gaart bauen. Fir dee Präis kann ee sech dee klengste Modell vun 11 m2 kafen. D'Bunkere géife laang halen a géife strikt no militäresche Standarde gebaut. Wann ee genuch Suen huet, kann een de Basismodell wonschgeméiss ausbauen. De schwäizer Bunkermécher bitt dem Client säin "Dram-Atombunker" un, deen e kann an ee "Luxusrefugium" ausbauen, mat engem private Kino, engem Fitnessraum oder engem Wellnessberäich. All Modeller gi "clé en main" iwwerginn an hunn niewent enger gepanzerter Dier, eng Dusch, eng Toilette an eng Kichen. Fir Iessen an Drénken ass allerdéngs net gesuergt, dat muss de Client déi Kéier selwer organiséieren.

Nom Knall bleift eng Véirel Stonn

An dësem guttgemaachte Video, realiséiert 2020 vum Südwestrundfunk aus Däitschland, geet allerdéngs ervir, dass een am Fall vun engem Nuklearugrëff just 15 Minuten Zäit huet fir sech a Sécherheet ze bréngen. Wat nëtzt also ee Bunker am Gaart, wann een déi Zäit, wou et knuppt, op der Aarbecht, an der Schoul, am Supermarché, am Bësch, op engem Concert oder soss entzwousch anescht wéi doheem ass?

A dono?

Huet een et mat Zäit geschafft, sech a säi Bunker ze retten, kann een do e puer Wochen, beschtefalls zwee bis dräi Méint méi laang iwwerliewen. Awer iergendwann muss een de Bunker verloossen. An dann?

 

Egal! D’Haaptsaach ass, de Rubel – pardon: den Euro – rullt. De Krichsminister François Bausch ass begeeschtert: "Dat ass eng flott Saach! Da sinn d’Waffeliwwerungen an d’Ukrain am Endeffekt jo nëmmen hallef esou schlëmm", huet hien de Projet vun der Lëtzebuerger Firma kommentéiert. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0