· 

Kee Geld méi do

D'Krichskeess ass eidel

Mat Fassungslosegkeet huet de Lëtzebuerger Krichsminister François Bausch (déi Gréng) op der Réunioun vun den NATO-Verdeedegungsministeren de 15. an 16. Juni 2023 zu Bréissel missten zouginn, dass eis Krichskeess schonn eidel ass.

Finanziell gesinn, kéint Lëtzebuerg keng weider Milliard Euro an d’Oprëschtung stiechen fir den Ziler vun der Nato gerecht ze ginn. Am Prinzip soll all NATO-Memberstaat zwee Prozent vu sengem Bruttoinlandprodukt fir Militärausgaben virgesinn. Lëtzebuerg misst deemno zwou Milliarden Euro an d’Rüstung stiechen, Suen déi an éischter Linn der Ukrain zeguttkéimen.

Géif Lëtzebuerg sech un d’NATO-Oplagen halen, da géif dat bedeiten, dass de Krichsbudget genau sou héich wär wéi dee vun der Krankeversécherung oder dee vun der Edukatioun. Dee vum ëffentlechen Transport géif em eng hallef Milliard iwwerschratt ginn, wärend d’Ausgabe fir de Finanzement vum REVIS (RMG) em dat sechsfacht, déi vun de Familljenzoulagen a vum Chômage em dat Duebelt, déi vun der Uni.lu an déi vum Logement em dat aachtfacht, an déi vun der  Klima-Agence souguer ëm méi wéi dat dausendfacht géifen depasséiert ginn.

Bausch: "Méi packe mer net"

Lëtzebuerg huet folgend Militärausgaben ze stemmen:

► 100 Milliounen € : fir d’Bewaffnung vun der Ukrain

► 225 Milliounen € : Sattellit GovSat 1

► 350 Milliounen € : Sattellit LUXEOSys 

► 420 Milliounen € : Militärfliger A400M

► 367 Milliounen € : 80 nei gepanzert Gefierer CLRV

► 200 Milliounen € : Nei Satellittecapacitéiten

► 137 Milliounen € : Renovatioun vun der Kasär um Härebierg

► 200 Milliounen € : Renovatioun vum NATO-Site Capellen (Namsa)

► 39 Milliounen € : Uschafung vun zwee Helikopteren vum Typ Airbus H145M

► 78 Milliounen € : Bestellung vun dräi weidere Militärhelikopteren vum Typ NH-90

► 600 Milliounen € : Kaf vun 8 neie Militärfligeren fir d’NATO

Geplangt ass och de Bau vun engem Militärspidol. Ausserdeem huet Lëtzebuerg 27 Zaldoten un d’Ukrainesch Grenz a Rumänie geschéckt fir d’Ostflank vun der NATO ofzesécheren a mir hunn och nach zwee Zaldote beim Palais stoen.

"Méi packe mer net", huet de François Bausch der Press schwéieren Häerzens matgedeelt, an huet op en Neits ënnerstrach, dass d'Land Chance hätt, ee wéi hien als Arméiminister ze hunn, well schliesslech wär hien als Gréngen ni Pazifist gewiescht.

Alles de Frontalieren hir Schold

De François Bausch huet och direkt ee Schëllege fir déi eidel Krichskeess fonnt, an zwar d’Frontalieren. Déi géifen de BIP vum Land verfälschen. Logesch: Se komme just heihinner schaffen a schleefen d'Geld dann aus dem Land eraus.

D’Tatsaach, dass quasi all gréisser Uschafungen fir d’Arméi de Steierzuelen ëm Endeffekt duebel oder dräimol méi deier gi sinn, wéi ursprünglech geplangt, well sech de François Bausch systematesch verrechent, huet hien net ernimmt. D’Haaptsaach ass, en huet ee Sündenbock fonnt. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0