· 

Courage zu Veianen

Frontalier aus Däitschland soll neie Buergermeeschter ginn

Veianen soll deemnächst ee Frontalier aus Däitschland als Buergermeeschter kréien. Dat mellt haut déi gréisst lëtzebuerger Dageszeitung. Nëmmen hallef esou schlëmm, mengt de Grand-Duc, dee selwer Frontalier ass an sech an enger Ried un déi Veiner Leit riicht an op deem Wee probéiert, d'Gemidder ze berouegen. Luxembourg Jungle verëffentlecht de Script vun der Ried.

Leef Viandener Leit,

Leef Leit alleguer,

 

D’Grogne vun de Viandener Leit ass och bei äis zu Biarritz ze éieren, wat der Grande-Duchesse a mir ee gruusse Soucis bereet.

Öch ka verstoen, et ass nöt evident, eng Personne, dee a Körperich zu Däitschland wunnt a jüst zu Lëtzebuerg ugemellt ass, als Buergermeeschter ze akzepteeren.

D’ailleurs, ömmer mee Lötzebuurger verloossen d’Land an étableeren sech an engem vun onse Nopeschlänner. Si gönnen sech d’Leewen zu Lëtzebuerg nöt mee leeschten.

 

Gi mir jüst duurch eng komplizeeërt Phase oder musse mir äis Gewunnechten änneren?

 

D’Grande-Duchesse an öch unn den Aff 2020 verlooss an unn äis zu Biarritz am franseesche Baskeland een Appartement kaaft. Öch selwer sinn lo Frontalier a schaffen oft vun eieem aus, wann ech am Omeoffice sinn. Öch signeeren sugör d’Gesetzer a Biarritz. Och mäin Discours fir de Reveillon uelen ech mam Ändy zu Biarritz op a mailen en dann bei RTL op Lötzebuurg. Döst ass alles gör gee Problème.

Am Ufank aat eisen Déménagement an de Midi fir Diskussiune gesuurgt, awer aut wösse mer, datt mir als Lötzebuurger d’Fäägkeet unn, äis enger neier Situation unzepassen.

 

Öch sinn iwwerzeegt, no all deene Joren, wärend deenen öch an d’Grande-Duchesse vu Biarritz aus regeeren, eis Land dee needeg Capacités uet, dee komplizeert Zäiten ze meeschteren.

 

Eis Land ass oppen an öet et verstanen, iwwer seng Grenzen eraus, an der Groussregion, mat äise Noperen eng besonnesch enk Zesummenaarbecht ze schafen.

 

All Décisions, dee am procès démocratique geoll gufen, mussen ëmgesat ginn. Démocratie eescht Décisons vun d’Majorité ze respekteeren. Öt ass inacceptable, mat Gewalt wöllen epps dorun ze änneren.

 

Dofir, leef Viandener Leit, loosst eech nöt décourageeren. Als Gesellschaft musse mir zesummenaalen, am Intérêt vun alle Matbierger. Dee dräi Jör, wou den Är Weerich vu Körperich Buergermeeschter ass, ginn och eriwwer. Denkt u meng Boma a mäi Papp, wee si aus dem Exil zréck op Lötzebuurg gomm sinn.

 

An deem Sönn wönschen ech eech mat der Grande-Duchesse, dem Prënz Guillaume, der Prinzessin Stéphanie, dem klenge Prënz Charel an all eise Ganner vu ganzem Áerzen schee Summerdeeg zu Vianden an am ganze Land.

 

Biarritz, le 16 juin 2023

Foto: Luxemburger Wort, 02/04/2021, François Weyrich a seng Madamm virun hirem Schlass zu Körperich (D).
Foto: Luxemburger Wort, 02/04/2021, François Weyrich a seng Madamm virun hirem Schlass zu Körperich (D).

Artikel Luxemburger Wort vum 16/06/2023 ▼

Download
Schlossherr in Deutschland, Bürgermeister in Luxemburg
Artikel iwwert d'Gemengewahlen zu Veianen.
LW 16:6:2023 Vianden.pdf
Adobe Acrobat Dokument 2.8 MB

Kommentar schreiben

Kommentare: 0