· 

Animal Rights Day an der Stad

Aktiviste setzen sech an 200 Stied fir d'Déiererechter an

Et war déi éischte Kéier, datt Lëtzebuerg beim "National Animal Rights Day" mattgemaach huet, en Aktiounsdag fir den Déireschutz, deen an iwwer 200 Stied weltwäit stattfonnt huet.

Den Organisateur vum Dag fir d'Déirerechter war d'Vereenegung "Our Planet. Theirs Too." (Eise Planet. Hiren och.) Zu Lëtzebuerg, wou sech haut eng gutt 50 Aktivisten op der Plëss versammelt haten, gouf den Dag vun der Vegan Society organiséiert.

Op Panneauxen mat Déierefotoen gouf un de Misère an d'Grausamkeeten, deenen d'Déieren ausgesat sinn, opmierksam gemaach. Vill ze vill Déieren lande leider nach ëmmer bei de Leit um Teller. Lëtzebuerg ass weltwäit op Rang 31 wat de Fleeschkonsum ubelaangt. Dëst wierkt sech negativ op d'Gesondheet, op d'Ëmwelt an d'Natur an op de Klima aus. Ee Steak, zum Beispill, veruursacht esouvill CO2-Emissiounen wéi eng Fluchreess vu Lëtzebuerg op Nice. D'Aktioun op der Plëss war all den Déieren gewidmet, déi op iergendeng Manéier duerch de Mënsch em d'Liewe komm sinn, sief et an de Schluechthaiser, an de Laboratoiren oder wéinst Raubbau un der Natur. Op enger Partie Stänn konnten d'Leit sech Informatiounsmaterial mathuelen. Opfälleg war, dass, ausser der Stater Buergermeeschtesch, keen eenzege Politiker et am Superwahljoer fir néideg fonnt huet, bis dohinner ze goen, dat obwuel et neierdéngs an der Moud ass, sech dem Wieler op Fotoen mat engem Hond oder engem aneren Hausdéier ze presentéieren. D'Madamm Polfer war och net aus Solidaritéit mat den Déieren do, mee fir sech iwwert d'Informatiounsstänn, déi si selwer genehmegt huet, opzereegen. Dës Stänn géifen eng Gefor duerstellen. D'Stänn bloufen awer do stoen, wou se opgeriicht waren.

Bleift ze hoffen, dass den Animal Rights Day 2024 nach méi Verfechter vum Déiereschutz mobiliséiert.


Hei geet et bei de Videoclip an eng Serie vu Fotoen iwwert den Aktiounsdag vum 4. Juni op der Plëss.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0