· 

Mega Hotelskomplex zu Lëlz

Den Touristen eppes bidden

Zu Lëlz an der Gemeng Esch/Sauer entsteet ee riesegen Hotelskomplex matzen am Naturschutzgebitt um Stauséi. Et ass dëst dee véierten Tourismusprojet an engem Naturgebitt. Luxembourg Jungle huet bei der Ëmweltministesch Joëlle Welfring (déi Gréng) nogefrot.

Luxembourg Jungle: Madamm Minister, zu Wäiswampech um Séi autoriséiert den Ëmweltministère een iwwerdimensionéierten Hotelskomplex direkt nieft enger Natura-2000-Zon, zu Urspelt bei Klierf entsteet eng Helikopterlandeplaz nieft engem Hotel matzen am Naturpark Our, zu Rodange ass ee groussen Hotelskomplex matzen an der Natura-2000-Zon geplangt an lo ass och zu Lëlz de Bau vun engem Hotel mat Vakanzenduerf matzen an der Natura-2000-Zon virgesinn. Ginn nach just Tourismusprojeten an de Naturschutzgebitter geneemegt?

Joëlle Welfring: Fir et direkt ze soen - et ass net mäi Projet, mee dem Wirtschaftsminister säin. Deen huet eng Virléift fir exquisit Hotelen. Awer Dir leit scho richteg: Meng Virgängerin hat net fir näischt den Inventaire vun eisen Natura-2000-Zonen fäerdeggestallt, lo hu mer endlech eng Lëscht mat de schéinsten a wäertvollste Plazen an eisem Land. Hautdesdaags muss een den Touristen eppes bidden.

 

Luxembourg Jungle: Sinn dann all déi Projeten am Aklang mam Naturschutzgesetz?

Joëlle Welfring: Iwwert d’Natur maachen ech mer net allze vill Gedanken. Mir kompenséiere jo. Huele mer d’Beispill vu Wäiswampech: do ginn all déi zerstéiert Biotopen - an dat sinn der immens vill - duerch d’Uplanze vu ganzer 11 neie, jonke Beem ausgeglach. D’Opfangbecken fir Knaschtwaasser vum Hotel berécksiichtege mer als neigeschafene Biotop, souzesoen als Ersatz fir d’Zerstéierung vun der Flora a Fauna, grad esou wéi d’Gras, wat um Daach vum Hotel wuesse soll. Beim neien Hotelskomplex mat Vakanzenduerf zu Lëlz um Stauséi baue mer fir zeg Milliounen eng nei Vëlosbréck iwwert d’N27, woumat mer déi gravéirend Ëmweltschied, déi entstinn, largement kompenséieren, jo ech giff souguer behaapten iwwerkompenséieren.

 

Luxembourg Jungle: Jo, mee de Stauséi an d’Géigend ronderëm si jo awer ee Waasserschutzgebitt. 80 Prozent vun der Bevëlkerung kréien hiert d’Drénkwaasser aus dem Stauséi. Huet dee geplangten Tourismusprojet vu méi wéi engem Hektar en Impakt op d’Qualitéit vun eisem Krunnewaasser?

Joëlle Welfring: Leet Äre Kapp a Rou! Lo gläich kënnt d’Drénkwaasser souwisou aus der Musel, de Stauséi gëtt dann net méi gebraucht a mir kënnen dann dat ganzt Gebitt komplett touristesch erschléissen. Wat d'Museldrénkwaasser ubelaangt, hunn ech d’lescht Joer am Juli eng Étude de faisabilité an Optrag ginn. Mäin Ziel ass et, am Kader vum Waasserwirtschaftsplang, bis 2027 mat Hëllef vu moderne Maschinnen dat knaschtegt a radioaktiv verseuchtend Muselwaasser esou opzebereeden, dass et eenegermoossen nees kann als Drénkwaasser benotzt ginn.

 

Luxembourg Jungle: Madamm Minister, nach eng lescht Fro: Den Tourismusprojet zu Lëlz gesäit niewent dem Bau vun engem Hotel och d’Opriichten vun engem Vakanzenduerf mat 30 Lodgen vir. Lodgen kléngt vläicht gutt, mee ass dat net éischter eppes, wat een an Afrika op de Juedgsafarien virfënnt?

Joëlle Welfring: Genau! Als passionnéiert Jeeërin war ech jo virun zwou Wochen op der Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun. Mir hunn dono beim Patt iwwert de Projet vu Lëlz geschwat an ech hat de President vun der Federatioun gefrot, ob si interesséiert wären, dëse Projet mat ze begleeden. D’Begeeschterung war immens grouss a spontan koum d’Iddi vun de Lodgen op. D’Touristen, déi zu Lëlz Vakanz maachen, kënnen un de Klappjuedgen deelhuelen an owes an hirer Lodge déi erschossen Déieren direkt sur place iessen. Et gëtt fir si en onvergiesslecht Abenteuer, an et ass nëmmen esou, wéi mer den Tourismus nei opgestallt an d‘Touristen fideliséiert kréien.

 

Luxembourg Jungle: Madamm Minister, mir soen Iech Merci fir d’Gespréich.


Zousätzlech Informatiounen iwwert:

  • de Projet zu Lëlz kann een hei noliesen.
  • d'Drénkwaasser aus der Musel kann een hei noliesen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0