· 

Bewaffnung vun der Bevëlkerung

Fuerderung stéisst och op Widderstand

Dem Jugendgrupp Testosteron seng Fuerderung, d'Bevëlkerung ze bewaffnen fir op déi Manéier d'Kriminalitéit am Land ze bekämpfen, stéisst och op Widerstand.

D’Fuerderung vum Jugendgrupp Testosteron, dass d’Bierger selwer solle Verantwortung am Kampf géint d’Kriminalitéit iwwerhuelen an dofir de Verkaf vu Schosswaffen a Pefferspray misst legaliséiert ginn, ass an der Bevëlkerung allgemeng ganz gutt ukomm.

Vill Leit verlaangen, dass d’Regierung sou séier wéi méiglech legiferéiert. Op Nofro hinn, huet den Arméiminister Fränz Bauch (déi Gréng) eis konfirméiert, dass d’Regierung keng Objektiounen hätt, de fräie Verkaf vu Waffen ze genehmegen, sous Conditioun, dass se ausschliesslech fir de private Gebrauch benotzt ginn. An enger éischter Phas wéilt d’Regierung awer just dem Verkaf vun normale Schosswaffen wéi Revolveren oder Gewierer an och vun Doutschléier, Matraquen a Sprangmesseren zoustëmmen. Automatesch Schosswaffen sinn de Moment nach ausgeschloss, d’Regierung huet awer eng Étude de faisabilité fir den Handel an d’Benotze vu Mitrailletten an Optrag ginn.

Bei enger bekannter Supermarchéschaîne hei am Land ass den Telefon waarm gelaf, well vill Cliente wësse wollten, winni et da mam Verkaf vu Waffe lassgeet. De Generaldirekter huet eis bestätegt, dass an de grousse Butteker éischt Präparative getraff goufen. Nieft der Bakstuff entsteet elo eng Waffestuff, wou Flënten, Pistoulen a Munitioun fir all Kaliber ugebuede ginn. Et gëtt domat gerechent, dass déi éischt Waffestuff am Laf vun der nächster Woch opgeet. Mat enger Spezialaktioun wëll een de Clienten de Kaf vun enger Waff schmackhaft maachen.

 

Nieft der Bakstuff entsteet an de grousse Supermarchéën eng Waffestuff.
Nieft der Bakstuff entsteet an de grousse Supermarchéën eng Waffestuff.

De Police-Minister Henri Koks (déi Gréng) weist sech erliichtert iwwert de Regierungsbeschloss a rechent domat, dass mat der Bewaffnung vun der Bevëlkerung d’Kriminalitéitsstatistik rasant erofgoe wäert. Et wär besonnesch wichteg, de Bierger virun de Wahlen ee gewëssent Sécherheetsgefill ze vermëttelen, huet hien erkläert.

Keng Begeeschterung fir dem Jugendgrupp Testosteron an der Regierung hir Approche weist allerdéngs de kierzlech wéinst Bedrug verurtdeelten Deputéierten Roy Unding, deen déi ganz Saach esou kommentéiert: „Et kann net sinn, dass d’Bekämpfung vun der Kriminalitéit an de Verkaf vu Schosswaffen eng Prioritéit gëtt. Dee Schoss kéint no hanne lassgoen, virun allem virun de Wahlen. Et ginn Dossieren, déi méi wichteg sinn.

Mir wäerte fir Iech d'Entwécklung vun dëser Affär am Aa behalen an drop zréckkommen, soubal sech eppes Neits deet. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Jan (Mittwoch, 24 Mai 2023 06:16)

    "Fir de private Gebrauch..." Get et och genuch Munitioun? Ech kënnt dann endlech meng "to do" Lëscht beaarbechten

  • #2

    Hubert Hollerich (Mittwoch, 24 Mai 2023 13:03)

    @Jan: Haha! Dat mam Munitiiunsstock muss sech mol alles apendelen. Ech ginn awer mol dovun aus dass Kacktut näischt dem Zoufall iwwerléisst.