· 

Legaliséierung vu Schosswaffen

ADRenalin nennt sech elo Testosteron

Mir vun der ADR-Jugend si net méi mat eiser Mammepartei averstanen, déi sech dobaussen als Friddensapostel presentéiert, well dat si mir definitiv net. Mir wëllen eis net weider verstellen a wëllen dem Bierger – virun allem elo während dem Wahlkampf – kloer soen, fir wat d‘Partei steet a mat wiem en et ze dinn huet.

Dofir ware mir frou, eisen Anführer als Invité bei RTL ze schécken, wou endlech Kloertext geschwat gouf. Den Interview fannt Dir iwwregens hei.

Wéi mir viru kuerzem op eisem Zeltlager komerodschaftlech ronderëm d‘Lagerfeier souzen, hu mir eisen neien Indoktrinatiounsprogramm ausgeschafft, deen ënnert dem Titel steet: Esou kann et net weidergoen!

Mir ginn iwwerrannt vun enger Well vu kriminellen Auslänner. Dofir mussen d‘Grenzen nees zougemaach ginn an et däerfen nëmmen déi gutt an éierlech Auslänner an d‘Land eragelooss ginn. All Auslänner, deen an eis schéin Hemecht erawëllt, gëtt gescannt a muss sech innerhalb vu 24 Stonnen um Policebüro mellen. Mécht en dat net, gëtt en zréckgeschéckt, wou en hirkomm ass.

Prisonnéier mat Migratiounshannergrond ginn iwwert d‘Grenz gesat. Da kréier mer nees Plaz an eise Prisongen an et gëtt de Staat méi bëlleg.

Kriminell Auslänner iwwerfalen eis Kanner, klauen hinnen den Handy oder schlitzen hinne mat engem Messer de Bauch op. Dofir besteet elo Handlungsbedarf.

Well d’Police hoffnungslos ënnerbesat ass a souwisou de ganzen Dag näischt mécht, mussen d’Bierger selwer Verantwortung iwwerhuelen.

Fir dass d’Lëtzebuerger sech virun den Auslänner schütze kënnen, fuerdere mir vun der ADR-Jugend staatlech organiséiert Selbstverdeedegungscouren, bei deenen déi verschidde Kampfsportaarte geléiert ginn, an un deenen all Lëtzebuerger am Alter vu sechs Joer un deelhuele muss.

Ausserdeem fuerdere mir d’Legaliséierung vu Schosswaffen, Pefferspray, Matraquen, Doutschléier a Sprangmesseren. Dës Waffen sollen an all Supermarché an op all Tankstell fräi erhältlech sinn.

D’Léierpersonal kritt speziell Schéiss- a Knëppelcouren fir an Zukunft schlechterzunnen an onziviliséiert Auslännerkanner op d’Plaz ze setzen.

Mir hunn och beschloss, d’Jugendorganisatioun ADRenalin an Testosteron emzebenennen an den Thoé Jein nees an d'Partei opzehuelen.

 

Är Jugendobregkeet

Kommentar schreiben

Kommentare: 0