· 

Jeeër a gréng Emweltministesch

Même combat !

D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring (déi Gréng) war sech net ze schued, un der Generalversammlung vun der Jeeërfederatioun deelzehuelen, wéi d'Press bericht.

Déi Gréng wëllen de Jeeër hir Aarbecht "vereinfachen an si dobei ënnerstëtzen", well si ginn elo als "natiirlech Alliéierter"  ugesinn.

Iergendwéi eng logesch Approche vun der grénger Partei, fir déi de Fridden op der Welt just ka mat Waffegewalt duerchgesat ginn.

Déi nächst Etapp vun de Gréngen am Natur- an Emweltberäich wäert wuel d'Promotioun fir d'Juegd op Walfësch an Elefanten an den Asaz fir de Comeback vum Pelzmantel sinn.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0