· 

Luxembourg: 12 points

Een zousätzeleche feierdag ass geplangt

Aus Ulass vun der Bedeelegung vu Lëtzebuerg um Eurovision Song Contest 2024, huet de Premierminister sech an enger Ried un d'Bevëlkerung gewend. Hei ass de Script vu senger Fernsehsried.

Léif Matbierger,

 

Wat eng flott Nouvelle! D’nächst Joer mécht eist Land nees mat beim Grand Prix Eurovision de la Chanson.

 

Dat hu mir eis verdéngt!

 

No zwee Joer Pandemie, engem Krich, verbonne mat extrem héijer Inflatioun, der Veraarmung vun engem groussen Deel vun eiser Bevëlkerung a virun allem der Angscht vrun enger Wirtschaftskris an engem Weltkrich, huet dës Regierung beschloss, de Bierger eng kleng Otempaus ze ginn, ganz nom Prinzip "panem et circenses", wéi et scho bei den ale Réimer fonktionéiert huet.

 

De Retour vun eisem Land op déi international Gesangsbühn ass ee Gebuertsdagscadeau, deen ech mir selwer gemaach hunn, fir meng 50 Joer. Wéi Lëtzebuerg fir d’lescht matgemaach huet, war ech der zwanzeg mee schonn als Kand hunn ech deen Owend ëmmer däerfe méi laang opbleiwen a suz bis spéit an d’Nuecht virun der Tëllee an hu mech ëmmer immens gefreet, wann et geheescht huet: "Luxembourg: 12 points“.

 

Fir eis Lëtzebuerger ass et natiirlech nach ëmmer "d’Eurovisioun“, och wann se vun eiser 30 Joer laanger Abstinenz profitéiert hunn fir de Numm ze anglikaniséieren an en an Eurovision Song Contest emzebenennen.

 

Eigentlech hu mir jo alles hei: mir sinn dat räichste Land vun der Welt, mir hunn dee fantasteschsten Tripple-A, déi längsten an déi deierst Vëllosbréck an Europa, a fir Iessen an Drénken ass ëmmer an iwwerall gesuergt. An awer: mir brauchen eng nei Erausfuerderung! Well mir hunn och eng Rei Réckschléi ze verzeechen: am Football spille mer no der leschter Défaite mat 0:6 géint Portugal keng Roll méi, beim Vëllossport ass nom Schleckskandal a mat den Dopingmëttelen vum spuenesche Fraendokter Fuentes d’Loft eraus, a mam Space Mining, dee Lëtzebuerg sollt zum Nuebel vum Weltall maachen, leeft et och net optimal.

 

Dofir mussen mir der Welt lo weisen, dass mir wéinstens am Sangen eppes ze bidden hunn.

 

Ech hunn drop gehalen, dass dëst Evenement ee prioritären Dossier fir dës an déi nächste Regierung gëtt an ech maachen och déi nächst Koalitiounsverhandlungen dovun ofhängeg. Zesumme mam Ausseminister an der Kulturministesch hunn ech eng Task Force an d’Liewe geruff, déi déi néideg Preparativen fir dee groussen Dag maache werd. Eng vun den Haaptfroen, déi mir eis an der Regierung stellen, ass, wee mer dohinner schécke sollen. De Fausti ass zanter zwee Joer dout, sou dass d’Auswiel méi enk ginn ass. Wahrscheinlech mussen mer ee Sänger oder eng Sängerin aus dem Ausland leasen, et sief dann, et géif sech een ënnert den 20.000 Lëtzebuerger a Brasilien fannen. Mir werten eis dofir demnächst mam brasilianesche President Lula zu Brasilia fir eng Aarbechtsvisitt treffen. Eng aner Fro ass déi vun der Sprooch. Ech ginn dem ADR net Recht, dass eist Lidd muss op Lëtzebuergesch sinn, mir hu schliesslech dräi Amtssproochen an eisem Sproochegesetz verankert an ausserdeem ass d’Sproocheregelung zanter 2012 komplett opgehuewen. All Land kann an där Sprooch sangen, an där et wëllt.

 

Den Challenge fir eis besteet doranner, mindestens an d’Halleffinal ze kommen. Natiirlech hängt dat vun der Enveloppe of, déi mer dem Organisateur an d’Hand drécken. Woumat mer beim Käschtepunkt wären.

 

Léif Leit alleguer,

 

Et kann an et soll een net ëmmer alles a Geld ausrechnen, well mir kréien als Land jo och eppes zréck. D’Partizipatioun un esouengem Gesangsconcours bréngt eis vill Touristen an zitt Industrie- an Déngschtleeschtungsbetriber a virun allem nei Banken an d’Land. Et ass essentiell fir eisen Tripple-A. Mir kënnen et ë bësse mam Lëtzebuerger Pavillon bei der Weltausstellung zu Dubai vergläichen. Mir gi bei esou Evenementer ëmmer als  Gewënner eraus.

 

D’Regierung huet och beschloss, deen Dag am Mee 2024, wann de genauen Datum da bis bekannt ass, als offizielle Feierdag ze deklaréieren, woumat d’Diskussioun em d’Aarbechtszäitsverkierung och geléist ass. Een zousätzleche Feierdag stellt ëmmerhin eng Aarbechtszäitverkierzung vun 8 ganzer Stonnen duer.

 

Dofir: denkt drun, wou der den 8. Oktober Är Kräizer maacht.

 

Vive Lëtzebuerg! Vive de Gesang!

 

Äre Premierminister

Kommentar schreiben

Kommentare: 0