· 

Fir een onofhängegt Éislek

"Noutfalls eng Neioplag vum Klëppelkrich"

Virun zwee Deeg huet ee Vertrieder vum Veräin "De Cliärrwer Kanton" am RTL-Interview senger Roserei Loft gemaach, well de Führerschäinsexamen vu Woolz op de Fridhaff verluecht gëtt. Bei de Kommentarer ënnert dem RTL-Artikel vum 25. Abrëll 2023 ass eis dee vum Här Grimpert opgefall, dee sech fir een onofhängegt Éislek staark gemaach huet. No intensive Recherchen hu mir vu Luxembourg Jungle den Här Grimpert fonnt an hunn eis mat him ënnerhalen.

Luxembourg Jungle: Här Grimpert, Dir hutt an Ärem Beitrag fir een onofhängegt Éislek plädéiert. Wat ass do drun a wéi wäit sidd Dir mat der Ëmsetzung vun deene Pläng?

Här Grimpert: Mir sinn net méi mat der Dominanz vum Guttland averstanen an d’Iddi vun engem onofhängegen Éislek schwieft scho méi laang an eise Käpp. D’Tatsaach, dass déi Stater eis elo och nach wëllen de Führerschäin ewechhuelen, ass déi berüümten Drëps ze vill, déi d’Faass zum Iwwerlafe bruecht huet. 

De Schiburg-Tunnel am Kiischpelt hätten déi Stater express sabottéiert, sou den Här Grimpert.
De Schiburg-Tunnel am Kiischpelt hätten déi Stater express sabottéiert, sou den Här Grimpert.

Déi Stater sabotéieren eis Éisleker. Op eiser schéiner Nordstreck hunn se de Schiburg-Tunnel d’lescht Joer am September express afale gelooss fir eis ze kujenéieren. A wéi se bis gemierkt hunn, dass et awer nach ëmmer méiglech wier vu Woolz aus mam Zuch ze fueren, hunn se ee Fiels op d’Schinne geheit. Eis Bussen vun heioawwe loossen se absichtlech mat Verspéidunge fueren oder se fale ganz aus. Et geet eis duer. En onofhängegt Éislek ass den eenzegen Auswee.

Luxembourg Jungle: Wéi soll dann en onofhängegt Éislek organiséiert a strukturéiert sinn? Ass dat iwwerhaapt machbar?

Här Grimpert: Kloer ass dat machbar! Sou wéi ech et geschriwwen hunn, gëtt d'Haaptstad Wäiswampech, well do entsteet en zweete Kierchbierg, sou dass mir deen aus der Stad guer net méi brauchen. D'Fluchfeld zu Näertreg gëtt ausgebaugt, beim Hôtel zu Urspelt entsteet souwisou eng Landeplaz fir Helikopteren a mir wäerten eis eegen Eisebunn grënnen, iwwert déi den Här Bausch näischt méi ze soen huet. Fir d’Mobilitéit ass gesuergt an de Führerschäin huele mer eis och nees zréck op Woolz. Stau hu mer genuch, deen op der Strooss an deen zu Esch/Sauer. Op deen zu Esch/Sauer loosse mer keng Touriste méi südlech vu Randschelt eran, et sief dann, si packen de Benimm-Test, dee vun eise Baueren ausgeschafft gouf. Et ass schliesslech eise Stau an net deene Stater hiren. Selbstverständlech kënnen d’Guttlänner weiderhin hir Hameschmier erop iessen kommen oder am Wanter mam Schlitt fueren, awer mir leeën ee Kontingent fest, wi vill Leit mer iwwert d’Grenz loossen. An no der Hameschmier geet et direkt nees heem no Süden! Dann ass et och eriwwer mam wëlle Parken. Wichteg ass, dass mir Gromperen hunn. Een Deel wäerte mer wuel an d’Gutland exportéieren, mee dann zu eise Konditiounen an net méi zu deenen, déi eis déi Stater diktéieren. Fir eis Défense ass och gesuergt, mir hunn e sëllege Buergen aus dem Mëttelalter. A verschiddene stinn souguer nach Kanoune, déi mer nees aktivéiere kënnen, wann et haart op haart kënnt.

Wann d'Onofhängegkeet bis ausgeruff ass an d'Grenze bis gezu sinn, loosse mir och keng Frontalieren méi aus dem Guttland an eist schéint Éislek, de Visa gëtt just verlängert, wann d'Guttlänner de Sproochentest packen. De Schéifer vun Aasselbuer an d'Fatima vu Woolz ginn d'Schutzpatréiner vum eisem onofhängegen, neien Éislek. E Fändel an ee Wopen hu mer och schonn. Eis Haaptfigur ass d’Wëllt Schwäin.

▲ Dem Här Grimpert säi Kommentar ënnert dem RTL-Artikel vum 25.4.2023
▲ Dem Här Grimpert säi Kommentar ënnert dem RTL-Artikel vum 25.4.2023

Luxembourg Jungle: Wéi geet et weider? Wat sinn déi nächst Etapen?

Här Grimpert: Mir vum "De Cläerwwer Kanton" hunn eis zesummegedoen mat de Komeroden vum "De Weelzer Kanton". Eis zwee Veräiner hunn zwar an de Statute stoen, dass mer eis fir dat kulturellt Liäwwen asetzen, mee dat ass just Tarnung. Mir haten eng éischt Versammlung am Schuddenhaus zu Ëlwen an eng nächst Versammliung ass am Café "Beim Renert" zu Woolz geplangt. Natiirlech wäerte mer et an enger éischter Phas mat Verhandlunge probéieren. Fir déi ze präparéieren, hu mer Kontakt mat de Verantwortlechen aus Schottland, dem Baskeland, Katalounien, Flanderen a Wallounien opgeholl. Sollten d’Verhandlungen mat deene Stater scheiteren, da wäerte mer zu anere Mëtteln iwwergoen.

Luxembourg Jungle: Wat heescht dat konkret?

Här Grimpert: Mir inspiréieren eis um Klëppelkrich vun 1798.

Luxembourg Jungle : Am Klëppelkrich vun 1798 ass déi Éisleker Bauerenarméi awer just vu Klierf bis op Housen komm. No zéng Kilometer an dräi Deeg war Schluss, well déi franséisch Revolutiounstruppen den Opstand niddergeschloen haten. Ass dat kee schlecht Omen?

Här Grimpert: Nee, absolut net. Fir eis Éisleker huet de Klëppelkrich och no 225 Joer eng ganz grouss Bedeitung an de Schéifermich vun Aasselbuer ass nach ëmmer eist Virbild. Mir hunn aus de Feeler vu 1798 geléiert a wäerten eis Strategie upassen. Mat den heidegen Trakteren am Panzerformat maache mir all Stater Luxmaschinn platt a wann d’Police nees Verstäerkung an der Belsch ufreet a mam Waasserwerfer ugereest kënnt, werfe mir d’Piffschleideren un.

Luxembourg Jungle: Här Grimpert, mir soe Merci fir den Interview.

De Klëppelkrich vun 1798.
De Klëppelkrich vun 1798.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0