· 

D'Sanktioune wierken!

Den Ausseminister am Interview

An der Chamber huet d’lescht Woch eng Debatt iwwert d’Russland-Sanktioune stattfonnt. Deeler vun der Oppositioun werfen der Regierung vir, d’Sanktiounen hätten hiren Zweck verfeelt, si géifen net dee gewënschten Effekt bréngen. Luxembourg Jungle huet sech mam Ausseminister Jean Asselborn ënnerhalen.

▲ Den Ausseminister an der Chamber.
▲ Den Ausseminister an der Chamber.

Luxembourg Jungle : Här Minister, et gëtt behaapt, d’Sanktiounspolitik hätt hir Wierkung verfeelt. Stëmmt dat?

Jean Asselborn: Dat ass Populismus. Een, deen esou eppes behaapt, ass ee Rietsextremen. An ob d’Sanktioune wierken ! Kuckt emol: mir hu 5 Prozent méi Betriebsfailliten a -liquidatiounen. Eleng am Bausecteur ass d’Zuel vun de Failliten ëm 107 Prozent am leschten Trimester an d’Luucht geschoss, 325 Leit hunn dobei hir Aarbecht verluer. Am HORECA-Beräich hu mer souguer eng Hausse vun 125 Prozent vun de Faillite, wat nees 150 Aarbechtsplaze kascht huet. An dann : huelt d’Industrie, do wäerten demnächst 355 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, ounst déi 530 bei ArcelorMittal, déi souwisou verschwannen.

Luxembourg Jungle: Jo, mee, Här Minister, wou bleift dann den Effekt vun de Sanktiounen?

Jean Asselborn: Ech war jo nach net fäerdeg. D’Präisser vun de Liewensmëttelen sinn am Duerchschnëtt em 14 Prozent an d’Luucht gaangen. De Botter an den Zalotenueleg sinn em ronn een Drëttel méi deier ginn. Als Regierung hu mir d’Postservicer em 22 Prozent méi deier gemaach. D’Inflatioun hält sech op engem héije Niveau an eise Bruttosozialpodukt ass am véierten Trimester vum leschte Joer em bal 4 Prozent zréckgaangen. An der EU hu mer lo 10 Sanktiounspäck ugeholl an deen 11. ass an der Maach. Wat solle mir nach méi maachen?! Een, deen nach ëmmer net agesäit, dass d’Sanktiounen voll aschloen, deem ass net ze hëllefen.

Luxembourg Jungle: Sollt et dann net emgedréint sinn? A wéi steet et ëm Friddensverhandlungen mat Russland? Misst dat net dat éischt Ziel vun der Diplomatie sinn? Den Hellege Stull an de brasilianesche President fuerderen dach  och Friddensverhandlungen.

Jean Asselborn: Wësst Der, als déngschteelsten Ausseminister vun der Welt, stellen ech fest, dass de Fridden zum aktuellen Zäitpunkt net vill bréngt. D’Fuerderung no Fridden ass rietsextremt Gedankengut. Et muss ee wëssen, dass Russland nach ze vill Frënn op der Welt huet, leider, a mir hei zu Lëtzebuerg halen eis do strikt un dat, wat mir aus Washington vum Här Biden gesot kréien. Mir wëllen eis jo net an d’Brennnessele setzen wéi den Här Macron, dee méi Onofhängegkeet vun den USA gefuerdert huet. Et wär ee schlecht Zeechen, wa mer elo ee Waffestëllstand a Verhandlunge mat Russland fuerderen, well mir hunn nach ëmmer Suen an der Keess. Eréischt wann d’Keesen bal ganz eidel sinn, kënne mer doriwwer nodenken.

Luxembourg Jungle: Här Minister, virun engem Joer hutt Dir proposéiert, de russesche President sollt am beschten physesch eliminéiert ginn. Bereit Dir Är Aussoo?

Jean Asselborn: Jein. Déi Aussoo gouf vun de Medien aus dem Kontext gerappt, esou hunn ech dat ni gemengt, ech si falsch verstane ginn. Ech wollt eigentlech soen « psychesch eliminéiert ».

Luxembourg Jungle: Am Deutschlandfunk hutt Dir virun engem Joer gesot, datt dat militärescht Iwwergewiicht tëscht Russland an der Ukrain mat Waffen auszezegläichen, net fonktionéiere géif. Ass dat nach ëmmer esou?

Jean Asselborn: Jo, ech stinn nach ëmmer zu där Aussoo. Dat verhënnert awer net, dass mer hei eng eemoleg Geleegenheet hunn, lukrativ Geschäfter ze maachen. Engersäits fluppt de Waffenhandel, wouvun eis Bankeplaz werd profitéieren, an anerersäits kënnt jo nom Krich den Nees-Opbau vun der Ukrain, un deem europäesch Konzerner, hoffentlech, och nees profitéiere wäerten, wat dann, hoffentlech, och nees eiser Finanzplaz ze gutt kënnt.

Luxembourg Jungle: Här Minister, villmools merci fir dëst interessant Gespréich.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0