· 

Eng propper Stad

Verschéinerung vun der Stad Lëtzebuerg

Am Kader vun der Stadverschéinerung, gouf d’lescht Woch eng stilvoll an zugläich nëtzlech Skulptur beim Royal Hamilius ageweiht.

Dat ganzt geet zréck op eng Initiativ vun der Associatioun "Eng propper Stad", déi sech zanter Joren dofir asetzt, dass eis Haaptstad fräi vun Heescherten a Strummerte gëtt. Hir Presidentin, d’Madamm Biedermann an hire Vize-Präsident, den Här Sauber, hunn endlech dee néidege Sukkurs beim Stater Schäfferot kritt, dee nach virun de Gemengewahlen ee Reglement stëmme gelooss huet, dat d’Heeschen an der Stad verbitt.

▲ D'Plaz virum Royal Hamilius virun hirer Verschéinerung. Et war en Treffpunkt vu Lompepak an Drogéierten.
▲ D'Plaz virum Royal Hamilius virun hirer Verschéinerung. Et war en Treffpunkt vu Lompepak an Drogéierten.

"Et gëtt héich Zäit, datt mer dat Lompepak lassginn. Do ass jo mol kee Lëtzebuerger ënnert deenen, et sinn elauter Frontalieren. Ganz Banden erstiermen ons Stad, sëtzen sech de ganzen Dag dohinner an halen de Grapp op. An owes briechen se um Belair an um Lampertbierg an d'Haiser an. Ech fille mech net méi sécher! ", sou d’Madamm Biedermann vun "Eng propper Stad". "Se solle schaffe goen amplaz de Leit dee leschte Sou aus der Täsch ze zéien. Da géif hinnen den Eefalt vergoen", bréngt et de Vize-President, den Här Sauber, op de Punkt.

"Eng propper Stad" huet konstruktiv um Heescheverbuet matgeschafft an zesumme mat den zoustännege Gemengenservicer ee Repertoire vun den Hotspots opgestallt. D’Associatioun huet och Virschléi gemaach, wat fir ee Mobilier urbain anti-SDF ugeschaaft soll ginn. D'Zil ass et, mat feindlechem Design den ëffentleche Raum esou anzeriichten, dass Strummerten, Heescheleit awer och Kanner, déi spillen, op Distanz gehale ginn. Sou kënnen zum Beispill Picken un de Bänken fixéiert ginn fir ze verhënneren, dass nach een sech drop sëtzt oder d’Bänken kënnen duerch plastiks Schuelestill, wéi an engem Wartesall, ersat ginn, sou dass et net méi méiglech ass, sech drop ze leeën.

E puer Beispiller vu Mobilier urbain anti-SDF mat feindlechem Design gesäit een hei. ▼

Interessant ass et och, ronderem verschidde beléifte Plazen ee Käfeg ze bauen oder se mat enger Këscht ze verhüllen, sou wéi dat d’lescht Woch mat der Plaz virum Royal Hamilius gemaach gouf. Schonn zwee Deeg virun der feierlecher Aweihung vun der neier Plaz gouf dee grousse Sarg geliwwert an ënnert der Supervisioun vum Stater Schäfferot iwwert déi bestoend Bänken gestrëppt.

▲ Ënnert der Opsiicht vum Stater Schäfferot, gouf d'Skulptur iwwert déi bestoend Bänken gestrëppt.
▲ Ënnert der Opsiicht vum Stater Schäfferot, gouf d'Skulptur iwwert déi bestoend Bänken gestrëppt.

Bei der Inauguratioun huet déi Stater Buergermeeschtesch et esou formuléiert : "An enger éischter Phas probéieren mir d’Lompegesindel an der Stad mat Hëllef vu Konscht ze verdreiwen, sou wéi mer et am Moment an der Gare mat den Drogéierte maachen, déi mer mat klassescher Musek verjoen. Sollt d’Konscht allerdings net gräifen, wäerte mer zu méi radikale Methoden iwwergoen, déi mer selbstverständlech zesumme mat der Associatioun ‘Eng propper Stad’ diskutéieren.

Bei der Inauguratioun vum Konschwierk (v.l.n.r.): Serge Wilmes (CSV), Scheffe fir den ëffentleche Raum; Maurice Bauer, Sozialscheffen (CSV); Lydie Polfer, Buergermeeschtesch (DP); Laurent Mosar, Law-and-Order-Man, Finanzscheffen (CSV).

D’Skulptur mam Numm "Cachemisère" gouf vum Investmentfong "Mange-Tout International", deem d'Plaz gehéiert, finanzéiert a ka vun elo un bewonnert ginn. Net vergiessen ee Klappstull matzebréngen, wann Dir iech méi laang wëllt do ophalen. hh.

▲ D'Skulptur "Cachemisère" virum Royal Hamilius, gouf zesumme mat der Associatioun "Eng propper Stad" am Kader vun der Stadverschéinerung geplangt. Gesponsert gouf si vum Investmentfong "Mange-Tout International", deem d'Plaz gehéiert.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0