· 

Finanzéiert d'Mafia eisen Triple-A?

Franséisch Europadeputéiert hält dem Xavier Bettel de Spigel dohinner

Och néng Joer nom LuxLeaks-Skandal gëtt Lëtzebuerg de Ruff vum Steierparadies einfach net lass. Den Tiger Woods, de Brad Pitt, d’Famill Hermès, d’Shakira, de Bernard Arnault, déi italienesch Mafia an och déi russesch Ënnerwelt – si all hu Konten zu Lëtzebuerg, behaapt eng franséisch Europadeputéiert.

Déi franséisch Europadeputéiert Manon Aubry (GUE/NGL, La France insoumise) huet dem Lëtzebuerger Premier Minister Xavier Bettel bei senger Visite vum Europaparlament zu Stroossbuerg de Spigel dohinner gehalen. Den Tiger Woods, de Brad Pitt, d’Famill Hermès, d’Shakira, de Bernard Arnault, déi italienesch Mafia an och déi russesch Ënnerwelt – fir nëmmen déi ze nennen – si all hätte Konten zu Lëtzebuerg. An hirer Ried huet d’Deputéiert eng Foto vun engem Gebai gewisen, wou eleng 1.810 Bréifkëschtefirmen wunnen. D’Manon Aubry huet dem Lëtzebuerger Premier Minister virgeheit, un der Spëtzt vun engem Steierparadies ze stoen, deen organiséierten Déifstall bedreift.

Méi Detailer ginn et am Artikel vum Essentiel: https://www.lessentiel.lu/fr/story/xavier-bettel-atomise-la-france-insoumise-au-parlement-europeen-176628530925

Ze ënnersträiche bleift, dass d’Manon Aubry virun hirem Deputéiertemandat Spriecherin vun der ONG Oxfam war, wou si sech haaptsächlech géint Steierflucht a fir sozial Gerechtegkeet agesat huet. Si weess also ganz genau vu wat se schwätzt.

A senger onqualifizéierter Reaktioun huet de Xavier Bettel d’Madamm Aubry an de rietsextremen Eck geheit andeems hie behaapt huet, hien hätt deeselwecht Virworf viru véier Joer vun der Madamm Le Pen gemaach kritt. Sou einfach mécht sech et eise Premier! Dës Haltung ass net nei an et schéngt an dësen Zäiten modern ze sinn, all kritescher Stëmm de Stempel vum Rietsextremismus opzedrécken, eng Strategie, déi och eisen Ausseminister Asselborn virgëschter an der Debatt iwwert de Fiasko vun de Russlandsanktiounen an der Chamber ugewend huet. Et wär jo ee Witz, wann d’Mafia eisen Triple-A géif finanzéieren. hh.

▲ Der Madamm Aubry hier Interventioun am Europarlament.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0