· 

Anti-Strummert-Stroossemobiliar an der Stad

Heescheverbuet gëtt emgesat

An Zäiten wou d’Inflatioun duerch de Plafong geet, d’Leit ëmmer manner Suen am Portmonni hunn, ëmmer méi Pensionären mat Hongerrenten mussen déi zwee Enner vum Mount beieneen kréien an de Chômage klëmmt, huet de Stater Gemengerot de 27. Mäerz 2023 decidéiert, d’Heeschen ze verbidden.

Kaum ass d’Heescheverbuet gestëmmt, tauchen och schonn déi éischt Anti-Strummert-Stroossemiwwelen an der Stad op.

▲ Mobilier urbain anti-SDF an der Stad um Hamilius.
▲ Mobilier urbain anti-SDF an der Stad um Hamilius.

Eng mobil Reporterin huet eis dës Foto vum Hamilius erageschéckt, op där een eng grouss Plastikskëscht am Camouflage-Design am ëffentleche Raum gesäit. D'Këscht ass aus glatem Material an uewe schif. Op där Plaz, virum Parking Royal Hamilius, hunn sech virdrun oft Strummerten an Heescheleit opgehalen. Lo ass et net méi méiglech, sech do ophalen geschweigs dann sech dohinner ze sëtzen. De sougenannte "Platzverweis" eriwwregt sech op déi Manéier.

Inspiréiert huet d’Stad Lëtzebuerg sech wahrscheinlech bei franséische Stied, wou d’Iddi vum Mobilier urbain anti-SDF sech scho méi laang duerchgesat huet. Maueren mat Picken, Bänken, déi duerch eenzel Schuelestill, wéi an engem Wartesall, ersat goufen, "Bänken", déi nach eng Sëtzbreet vun 10 cm hunn, metallen Hittercher mat schaarfe Spëtzten an sou weider gehéieren vläicht och geschwë bei eis zum Stadbild.

Dobei ass Heeschen ee Mënscherecht, wéi de Mënscherechtsgeriichthaff den 19. Januar 2021 an engem Uertdeel, bei deem déi Schwäizer Stad Genf veruertdeelt gouf, festgehalen huet. Zwou Wochen nom Uertdeel, den 2. Februar 2021, huet d’Schwäiz d’Gesetz iwwert d’Heescheverbuet suspendéiert. En interessanten Artikel zu dësem Urtdeel kann een hei liesen.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Mënscherechter ëmmen nëmmen dann an d’Vitrine gestallt, wann et eis Politiker arrangéiert. hh.


Beispiller vu Mobilier urbain anti-SDF aus Frankräich. 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0