· 

Wat mer am Éislek brauchen

Et deet gutt, motivéiert a nei Leit op de Fotoen vun de Parteien ze gesinn. Mir brauche fir den Norden eng Alternativ zu Blo-Rout-Gréng mat engem Programm, deen de Bedürfnisser vun den Awunner an der Situatioun hei uewen am Éislek Rechnung dréit.

Versammlung vun déi Lénk de 6. Abrëll 2023 zu Heischent.
Versammlung vun déi Lénk de 6. Abrëll 2023 zu Heischent.

 Problemer ginn et schliesslech genuch:

  • Katastrophalen ëffentlechen Transport. No 15 Joer Aarbechten un der CFL-Nordstreck, déi eng systematesch Ënnerbriechung vun der Zuchverbind wärend de Schoulvakanzen mat sech bruecht huet, ass d'Situatioun mam Zesummefalen vum Tunnel Schiburg am September 2022 an engem gerutschtene Fiels am Februar 2023 nach verschlëmmert ginn.
  • Schlecht Gesondheetsversuergung. Déi geplangten Ëmwandlung vum Wëlzer Spidol an eng reng Dagesclinique ass keng Léisuing, mee verschäerft de Problem vun de Leit am Éislek just. Fir all Hospitalisatioun sinn déi Éisleker Leit an Zukunft also definitiv gezwongen, sech bis op Ettelbréck ze deplazéieren. Dës Situatioun steet am Widersproch zu der demographescher Entwécklung am Norden a virun allem mam deklaréierten Zil, d'Awunnerzuel vun der Stad Wolz an den nächste Joren ze verduebelen. D'Infrastruktur muss Schrëtt halen an net zréckgefuer ginn.
  • Zum Deel onmënschlech Wunnéngssituatiounen. Net nëmmen am Zentrum oder am Süden wunne Leit ënner mënschenonwierdege Konditiounen, mee och am Norden, wéi Resonord op de Wellen vun RTL matgedeelt huet.
  • Zég Honnerte Bréifkëschtefirmen am Wämper Raum, accaparéiere Wunnéngsraum an dreiwen d’Präisser an d’Luucht.
  • Ee seriöe Schutz vum Stausee als gréissten Drénkwaasserreserve vum Land.
  • Asaz fir ee bessere Schutz vun ale Bauwierker, déi de Charakter vun eise Stied an Dierfer am Norden ausmaachen; als negativ Beispiller kann een d'Demolitioun vun der Ettelbrécker Gare, d'Verstümmelung vun der aler Brauerei zu Dikrech, d'Entstoe vun engem "zweete Kierchbierg" zu Wäiswampich nennen.
  • Antrieden fir een duussen Tourismus, bei deem sou iwwerdriwwe, monsterhaft Projeten wéi deen um Wämper Séi oder d’Helikopterlandeplaz zu Urspelt keng Chance hunn.
  • Asaz fir ee wierklechen Emweltschutz, bei deem Natura-2000-Zonen am Norden net nëmmen eng Fatz Pabeier sinn.
  • Ausbau a Opwäertung vun den zwee Naturparken am Norden.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0