· 

Wou bleift eis Kafkraaft?

Och wann d’Präisdeierech an de leschten 12 Méint liicht vu 4,8 op 4,3% erofgaangen ass, sou läit d’Erklärung doran, dass eng Rëtsch Artikelen am Wuerekuerf subventionéiert ginn, wéi beispillweis Energieprodukter, oder well d’Präisser vu verschidden Artikelen manner staark geklomme sinn wéi bei de Liewensmëttelen. E puer Saache sinn och méi bëlleg ginn, wéi zum Beispill gedëchent Friichten an Nëss, Wäin, Frigoen, Streckeisen, fix Telefonen, Material fir Filmer opzehuelen, Bürosartikelen, Iwwernuechtungen an Hotelen oder Crèchen.

D’Präisser op de Liewensmëttelen sinn allerdéngs, op ee Joer gekuckt, alleguer méi deier ginn, vill am zweestellege Prozentberäich.

Liewensmëttelen brauche mer awer alleguer, dofir ass et net ze verstoen, dass ausgerechent an deem Beräich absolut näischt vun der Politik an de Sozialpartner ënnerholl gëtt. Bei der Baisse vun der TVA, zum Beispill, waren d’Liewensmëtten paradoxerweis ausgeschloss. Dobei ginn et Länner wéi Spuenien oder Portugal, déi opgrond vun der extremer Präisdeierecht op d’TVA bei Liewensmëttelen verzichten. Firwat ass dat net méiglech am räichste Land vun der Welt ? Wär et net ubruecht, dass d’Präisser staatlech kontrolléiert ginn ?

Den Detail vun der Inflatioun fannt Dir iwwregens op der Websäit vum STATEC (▻Prix ▻Évolution récente des prix) ënnert dësem Link.

An dësem Clip ass eng Auswiel vu Liewensmëttelen an hirer Präishausse an de leschten 12 Méint. ▼

Kommentar schreiben

Kommentare: 0