· 

Ëmsetzen vum Tripartite-Accord

Wéi d’Bierger vun der Regierung, dem Patronat an de Gewerkschaften an d’Aarmut gedriwwe ginn

Vill Leit sinn opbruecht, well hir Pensioun fir den Abrëll 2023 (déi den 29 Mäerz ausbezuelt gouf) méi niddreg ass wéi déi vum Mäerz (déi Enn Februar 2023 ausbezuelt gouf). Ech kann déi Leit ganz gutt verstoen, well ech sinn och rosen.

Am Moment iergeren sech virun allem d’Pensionären, well si virausbezuelt ginn, dat heescht, dass si hir Pensioun fir den Abrëll schonn Enn Mäerz iwwerwise kritt hunn, an domat als éischt an der Schosslinn stinn. Dat ännert sech awer Enn Abrëll, wann och déi Leit, déi nach am aktiven Déngscht stinn, hir Paie kréien. Vill Leit hunn hirem Ierger iwwert dës Hondsgemengheet op de sozialer Netzwierker Loft gemaach, allerdéngs konnt een do verschidde Falschinformatioune liesen.

Ma och vu Säite vun der Press, wéi beispillsweis bei RTLgëtt net alles korrekt eriwwerbruecht an et gëtt dem Bierger verkaaft, d’Leit hätte manner Geld am Portmonni iwwreg well de Crédit d’impôt énergie den 1. Abrëll ewech géif falen. Dat ass awer net richteg.

 Schold um Misär ass engersäits wuel d’Ewechfale vum Crédit d’impôt énergie, mee awer och – a virun allem – déi ongerecht an iwwerdriwwe Progressioun an eisem Steierbarème, déi sech mat steigendem Bruttoakommes ëmmer méi als verwerflech a barbaresch erweist. Well d’Steiertabell zanter 14 Joer net méi un d’Präisdeierecht ugepasst gouf, wärend deenen awer ëmmerhin zéng Indextranchen erfall sinn, gi mer alleguer besteiert wéi wa mer nach am Joer 2009 géife liewen, obwuel d’Geld zanterhier 25 Prozent u Wäert verluer huet.

Déi entspriechend Rechnung presentéiert sech folgendermoossen: 10 Tranchen à 2,5% = 25 Prozent. Fir richteg misst eist besteierbaart Akommes em ee Véierel reduzéiert ginn, an dorop missten dann d’Steiere berechent ginn.

Kafkraaft ade

Ma, komme, mer zréck op den 31. Mäerz d’lescht Joer, wéi déi éischt vun insgesamt dräi Tripartitte stattfonnt huet, déi alleguer am Zeeche stoungen, d’Kafkraaft vun eis alleguer ze erhalen, déi opgrond vun den héijen Energiekäschten ugefaangen huet, kräfteg ofzehuelen.

 

🔴 Den 31.03.2022 war eng éischt Tripartite, déi mam Accord mam gefällegen Numm "Solidaritéitspak 1.0" ofgeschloss gouf. Et koum deemools zum Eclat, wéi den OGBL refüséiert hat, den Accord mat ze ënnerschreiwen, well eng Indexmanipulatioun festgehale gouf. An zwar gouf decidéiert, d’Indextranche vum August 2022 net auszebezuelen an op den Abrëll 2023 ze verleeën. Als Trouschtpräis fir déi ewechgefallen Indextranche goufen sech LCGB, CGFP, UEL an d’Regierung eens, amplaz vun der fälleger Indextranche ee Crédit d’impôt énergie anzeféieren :

  • 84€ de Mount bis zu engem Joresakommes vu 44.000€ ( =3.666€/Mount)
  • 76€ de Mount bis zu engem Joresakommes tëscht 44.000€ an 68.888€ ( 5.666€/Mount)
  • Progressiv bis op 0€ bis zu engem Joresakommes vu 100.000€ ( =8.333€/Mount)
  • Déi Leit, déi ee Joresakommes vu méi wéi 100.000€ hunn, kréie kee Crédit d’impôt énergie

Den Hoken : deen ausgehandelte Steierkredit huet just een Haltbarkeetsdatum bis den 31. Mäerz 2023, well e jo als Géigeleeschtung fir déi net ausbezuelten Indextranche vum August 2022 geduecht ass an dës Indextranche den Abrëll 2023 ausbezuelt gëtt. Deemno fält de Steierkredit, dee maximal also 84€ de Mount bedréit, am Abrëll ewech.

Ganz vill Leit hunn awer eng Baisse vun hirem Revenu fir Abrëll ze verkraaften, déi dat Villfacht vum Steierkredit ausmécht. Elleng déi extrem Héicht vu verschiddenen Akommesverloschter ass Beweis genuch, dass dës net nëmmen op d’Ewechfale vum Crédit d’impôt énergie zréckzeféieren ass, wéi d’Press dat fälschlecherweis eriwwerbréngt.

 

🔴 Den 29.09.2022 huet eng weider Tripartite stattfonnt, déi mat der Ënnerschrëft vum Accord "Solidaritéitspak 2.0ofgeschloss gouf. Dësen Accord gouf och vum OGBL matgedroen. Hei sief virun allem folgend Mesuren ervirzehiewen :

  • Subventioun vum Äerdgas
  • Subventioun vum Stroum
  • Subventioun vum Flësseggas
  • Subventioun vun den Holzpellets
  • Bäibehalen vun der automatescher Indexupassung
  • Reduktioun vun der TVA ëm 1 Prozentpunkt (ausser fir Liewensmëttelen, also do, wou et am néidegste wär)

🔴 De 07.03.2023 war d’Tripartite nees zesummekomm a gouf mat der Ënnerschrëft vum Accord mam Titel "Solidaritéitspak 3.0" ofgeschloss. Nieft der Verlängerung vun de Subventiounen op den eenzelen Energieprodukter, gouf och iwwert eng Upassung vun der Steiertabell un d’Präisdeierecht diskutéiert an et gouf sech op ee méi wéi faule Kompromëss gëeenegt, dee virgesäit, dass d’Steiertabell em zwouanenghallef Indextranche ( =6,25%) ugepasst gëtt. Net genuch domat, dass mer mat der reportéierter Indextranche, déi den Abrëll 2023 fälleg gëtt, insgesamt 11 Indexupassunge vun der Steiertabell am Hannertreffe sinn, hunn d’ « Sozial »partner doriwwer eraus och nach beschloss, dass déi minimal a komplett ongenügend Upassung vun der Steiertabell un d’Präisdeierecht eréischt d’nächst Joer, also am Januar 2024, a Kraaft trëtt !

Geet een dovunner aus, dass am Hierscht eng weider Indextranche fälleg gëtt, da misst eist Akommes bis dohinner ëm 12 Indextranchen, also em bal een Drëttel ( = 12 Indextranchen X 2,5% = 30%) reduzéiert gi fir de geschëlte Steiersaz ze berechnen!

 

Dës Situatioun ass net méi akzeptabel, si bedeit fir vill vun eis de séchere Wee an d’Aarmut, well se virun allem déi kleng Akommesklassen am meeschten an op eng brutal Manéier betrëfft.

Eng Rëtsch Leit hu mer iwwer Messenger hir Extraite geschéckt a stellvertriedend wéilt ech hei ee Fall ervirhiewen, dee mech besonnesch schockéiert huet, well e beweist, wéi pervers eis Steiersystem ass a wéi sech eis Gewerkschaften bei der Tripartite vun der Regierung iwwert den Dësch zéie gelooss hunn. hh.

Nach just 1.400 Euro netto iwwreg

Eng Rentnerin, allengwunnend, hat virun der leschter Tripartite, am Februar 2023 eng Pensioun vun 1.781,31€ brutto, wat knapps duergoung fir de Kapp iwwer Waasser ze halen. Dovu goufe folgend Beträg ofgezunn :

  • Krankekeess : 49,88€
  • Fleegeversécherung : 16,37€
  • Steieren : 76,50€
  • Steierkredit Energie : + 84€
  • Steierkredit Maladie : +58€
  • Netto : 1.780,56€

No der Tripartite vum Mäerz 2023, huet déi betreffend Madamm zwar eng Bruttopensioun vun 1.825,83€, well jo fir den Abrëll eng Indextranche erfält, hir bleiwen awer schlussendlech just nach 1.478,30€ netto iwwreg. Folgend Beträg ginn of :

  • Krankekeess : 80,74€
  • Fleegeversécherung : 31,59€
  • Steieren : 293,20€
  • Steierkredit Energie : + 0€
  • Steierkredit Maladie : +58€
  • Netto : 1.478,30€
▲ Extrait vum Februar 2023 vun där betraffener Rentnerin mat engem Netto vun 1.780,56€.
▲ Extrait vum Februar 2023 vun där betraffener Rentnerin mat engem Netto vun 1.780,56€.
▲ Extrait vum Mäerz 2023 vun där betraffener Rentnerin mat engem Netto vun 1.478,30€. Eng Baisse vun 302,26€.
▲ Extrait vum Mäerz 2023 vun där betraffener Rentnerin mat engem Netto vun 1.478,30€. Eng Baisse vun 302,26€.

Dank der Tripartite huet dës Madamm ee Verloscht vun 302,26€. Hir bleiwen 1.478€ fir ze liewen, an dat an deem Land, wat laut Eurostat, déi héchste Liewensmëttelpräisser a ganz Europa huet. Vun de Wunnengspräisser net ze schwätzen, do leie mer europawäit op der drëtter Plaz. Unhand vun dësem konkrete Beispill gëtt et kloer, dass mat d’Tripartite, déi – ech widderhuelen et – als Zil hat, d’Kafkraaft ze erhalen, just de Contraire erreecht gouf. Schlëmmer nach : ausgerechent d’Pensionären an d’Salariéen aus den ënneschten Akommeskategorië kréien nach manner wéi se schonn haten a riskéieren, Dank eisen dach esou « sozial » agestallte Gewerkschaften, déi net midd ginn, sech wéinst dem gudde Verhandlungsresultat ze bretzen, dem Patronat, dat souwisou net méi wäit wéi seng Nuesespëtzt gesäit a bekannterweis just no sech kuckt, an eiser neoliberaler Regierung aus Liberalen, Kaviarsozialisten a de Gréngen aus der Bourgeoisie bohême, deenen et u näischt feelt, well et hinne finanziell nach ëmmer gutt gaangen ass.

Weider Fäll

Ech hunn ee weidere Fall vun enger Rentnerin mat enger klenger Witwerent erageschéckt kritt, där de Staat souvill Steiere ofknäppt, dass hir just nach knapps 1.100€ iwwregbleiwen fir ze (iwwer)liewen. Dës respektlos Virgoensweis ass schockant an et freet ee sech wéi Pensionären, déi an engem Altersheim liewen, sech dat nach kënne leeschten.

▲ Vun hirem Revenu vun 1.838€, bleiwen dëser Rentnberin nach just 1.100€ de Mount iwwreg fir ze iwwerliewen.
▲ Vun hirem Revenu vun 1.838€, bleiwen dëser Rentnberin nach just 1.100€ de Mount iwwreg fir ze iwwerliewen.

Oder dëse Fall vun enger Madamm, déi 35 Joer laang geschafft huet an nach 5 Joer Pensioun op fräiwëlleger Basis nokaaft huet. Wärend deene 5 Joer huet si hire stieweskranke Mann gefleegt. Nodeem de Staat hir vun der Pensioun vum Abrëll 2023 1.305€ u Steieren, 160€ u Krankeversécherung an 71€ u Fleegeversécherung ofgekneppt huet, kritt si nach just 1.136€ eraus. Steieren a Sozialchargen maachen 58% vun hirem Akommes aus!


Dës Wittfra kritt schon dräi Méint laang ze vill Sozialbeiträg an ze vill Steieren ofgehalen.


Wahltag ist Zahltag

Déi aktuell Politik vu Regierung a Patronat, deenen d’Gewerkschaften aus der Hand friessen, dreift ëmmer méi Leit an d’Aarmut.

Et ass wichteg, dass all déi Leit, déi duerch den Tripartite-Accord an de Ruin gedriwwe ginn, awer och all déi, déi als Verléierer ervirginn, sech wieren. Si sollen der Regierung oder de Gewerkschafte schreiwen a mat konkreten Zuelen hire Fall erklären a, virun allem, drop pochen, dass si net zefridde sinn. Och déi sozial Netzwierker sinn dofir gutt gëeegent.

Mir däerfen eent net vergiessen : 2023 si Wahlen ! Wéi wëlle Politiker vun deene Bierger erëmgewielt ginn, déi duerch si grouss finanziell Verloschter an domat ee Kafkraaftverloscht ze verkraaften hunn, mat der Angscht, souguer an d’Aarmut ofzedreiwen.

Dat däerfe mer eis net gefale loossen. Mir mussen eis wieren!

Reklamatiounsbréif fir erofzelueden (Modell)

Et läit op der Hand, dass mer eis dat do net kënne gefale loossen. Déi Leit, déi betraff sinn, sollen op jidde Fall schrëftlech bei der Pensiounskees reklaméieren.

Hei fannt Dir ee Modellbréif, deen Dir gratis erofluede kënnt. An deem Bréif gëtt drop higewisen, dass d'Retenuen fir d'Krankeversécherung an d'Fleegeversécherung a virun allem de Steiersaz ze héich ass an dass dat ganzt wahrscheinlech op ee Feeler zréckzeféieren ass. Dofir gëtt am Bréif eng Neiberechnung vun der Pensioun a gegebenenfalls ee Redressement an ee Remboursement vun där Somme Geld, déi ze vill ofgehale gouf, gefuerdert.

 

Hei ass de Bréif am WORD-Format: https://1drv.ms/w/s!Aq16_Tt-yvM1gQjEbZ1eRAGsSuoN

an hei am PDF-Format: https://acrobat.adobe.com/link/review?uri=urn:aaid:scds:US:92756e05-5249-36f5-8d49-cce529189760

 

Et ass natirrlech jidderengem fräi gestallt, de Bréif esou ze änneren oder ze vervollstännegen wéi en et fir richteg fënnt.

 

Wann Dir de Modellbréif benotzt, ass et wichteg, dass Dir:

  • Äre Numm, Virnumm an d'Adress agitt
  • d'Matricule vun der Sozialversécherung ausfëllt
  • eventuell eng Telefonsnummer oder E-Mail-Adress dobeischreift
  • Eng Kopie vum betraffenen Bankextrait matschéckt

 

Sollt Dir de Bréif ageschriwwe bei d'Pensiounskees schécken, da versuergt dee klengen Ziedelchen vun der Post (Récépissé de dépôt) gutt. Dat ass nämlech de Beweis, dass Dir de Bréif opginn hunn.

 

Ech géif mech op Réckmeldunge freeën. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0