· 

UK liwwert uranhalteg Munitioun un d'Ukrain

Groussbritannien liwwert uranhalteg Munitioun un d’Ukrain. Dat geet aus der Äntwert vun der stellvertiedender Verdeedegungsministerin vu UK, der konservativer der Baroness Annabel Goldie, op eng Question parlementaire vum Raymond Hervey Jolliffe, Baron Hylton, Member vum House of Lords, ervir.

 

Op d’Fro, ob Groussbritannien der Ukrain aktuell Munitioun mat ofgeräichertem Uran liwwert, äntwert d’Regierung :

📌 "Niewent der Bewëllegung vun engem Geschwader vun Challenger-2-Kampfpanzeren wäerte mir panzerbriechend Munitioun mat ofgeräichertem Uran liwweren. "

 

D’Fro vum Lord Hylton an d’Äntwert vun der britescher Regierung kann een hei noliesen.

 

Dës Zort vun héichgëfteger Munitioun, déi ouni Zweifel eng weider Eskalatioun am Ukrain-Krich duerstellt, gouf ënner anerem vun den USA am Irak-Krich, am Afghanistan-Krich a bei de Bombardementer vu Jugoslawien, Syrien a Libyen agesat. D’Schied fir d’Ëmwelt an déi mënschlech Gesondheet si katastrophal, wéi aus engem gutt recherchéierten Artikel an der schwäizer "WOZ – Die Wochenzeitung" ervirgeet. https://www.woz.ch/2017/uranmunition/die-waffe-die-noch-ewig-toetet.

 

Bei engem Aschlag gëtt Radioaktivitéit fräigesat, déi sech an engem Ëmkrees vun Honnerte Kilometer moosse léisst. An de betraffene Gebitter sinn d’Kribserkrankungen an d’Luucht geschoss.

 

Et dierft ee gespaant sinn, ob d’Atomkrichsauer (doomsday clock), déi momentan bei 90 Sekonnen virun 12 steet, ee weidere Schratt no vir mécht. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0