Krichsdreiwer

Verschiddene Politiker an "Diplomaten" kribbelt et regelrecht an de Fangeren. Sou wéi wann d'EU an d'NATO-Staaten net scho souwisou bis zum Hals am Krich drastéichen, geet et vereenzelte Mandatsträger net séier genuch, endlech eng offiziell Krichserklärung ze maachen a richteg 'comme il faut' géint Russland a - wee weess? - géint China an de Krich ze zéien.

 

Zu deenen gehéiert de polneschen Ambassadeur a Frankräich, Jan Emeryk Rosciszewski, deen den 18. Mäerz 2023 op der franséischer Teleschaîne LCI erkläert huet:

"Wann d’Ukrain et net fäerdeg bréngt, seng Onofhängegkeet ze verdeedegen, wäerte mer kee Choix hunn, mir wäerte gezwonge sinn, an de Konflikt ze trieden."

Wee mat "mir" gemengt ass, huet "son Excellence" net definéiert, genausou wéi den Zäitpunkt vun der offizieller Krichserklärung. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0