· 

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt

D'Arméi op Missioun a Rumänien

Ganzer 27 Lëtzebuerger Zaldoten ginn haut op Missioun a Rumänien geschéckt, wou si d’Aufgab hunn, d’Ost-Flank vun der NATO a vun der Europäescher Unioun ze stäerken. Am Fall vun enger russescher Attack hunn si d'Missioun, den Territoire vum NATO-Memberland Rumänien ze verdeedegen.

Natiirlech däerf de Lëtzebuerger Krichsminister François Bausch (déi Gréng) beim Départ net feelen. Hie flitt zwar net mat, well d’Vëllospisten dohannen net dem Lëtzebuerger Qualitéitsstandard entspriechen, mee hien huet awer versprach, op Besuch ze kommen soubal d’Wieder besser ass.

D’Missioun, mam Geheimcode "Stopt de Putin", wär eng vun de gréissten a wichtegsten, un där d’Lëtzebuerger Arméi deelgeholl huet, sot de François Bausch, deen och ënnerstrach huet, dass d'Gulaschkanoun schonn op der Plaz ass, grad ewéi ee Béierstand an ee Foodtruck vum Schnékert. Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuert, et wäert de Lëtzebuerger Zaldoten un näischt feelen, huet den Arméiminister verséchert, ee Statement, dee mat Begeeschterung opgeholl gouf.

Aus dem Kreml war keng Stellungnahm ze kréien, wat dorop schléisse léisst, dass d’Russen perplex sinn, well s’et mat der Angscht ze di kritt hunn. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0