· 

Sanktiounen: De Russe geet et gutt

"Daily Mail": An England sinn d'Butiker eidel, a russland sinn se voll

De Russen geet et besser wéi de Briten. Zu där Conclusioun kënnt déi britesch Boulevardzeitung "Daily Mail" haut an engem interessanten Artikel, an deem d’Offer u Liewensmëttel a Russland mat där a Groussbritannien verglach gëtt.

D’Géigner vun der Yellow Press wäerten domat konteren, dass et sech beim Daily Mail ëm ee konservativt Revolverblat handelt. Mee grad well et sech ëm ee konservativt Revolverblat handelt, ass d’Schlussfolgerung emsou méi iwwerraschend, well d’Zeitung déi aktuell Situatioun a Groussbritannien op déi verfeelte Sanktiounspolitik zréckféiert, déi vun der konservativer britescher Regierung mat Begeeschterung emgesat gëtt, grad esou wéi d’Waffeliwwerungen un d’Ukrain.

Dem Daily Mail no sinn a Groussbritannien, dat ëmmerhin zu de G7-Länner gehéiert, sech also zu de bedeitendsten Industrienatiounen vun der Welt zielt, Eeër, Geméis an Uebst rationéiert, wärend et an der russescher Provënz un näischt feelt, wéi um Beispill vun der Stad Berm, eng 24-Stonnen-Autosfaart vu Moskau ewech, verdäitlecht gëtt. An der russescher Provënz sinn d’Regaler gerammelt voll wärend se an England eidel sinn.

Jiddereen däerf just esou vill Uebst a Geméis kafen, wat e fir den üblechen Haushalt brauch, dat heescht, sou vill, wéi an zwou Hänn passen.

Dem "Daily Mail" no ass d’Situatioun a Groussbritannien haut mat där aus Russland vu viru véierzeg Joer ze vergläichen, wéi d’Leit virun de Butteker Schlaang stoungen fir Liewensmëttel ze kréien.

Schold sinn déi exorbitant Energiepräisser a Groussbritannien. Vill Gäertner hunn entweder de Betrib ganz opginn oder hunn hir Serren de Wanter eidelstoe gelooss, well se soss Sue bäigeluecht hätten. Déi selwecht Situatioun weist sech bei den Héngerfarmen, bei deenen d’Käschten fir ze hëtzen esou an d’Luucht geschoss sinn, dass extrem vill Baueren d’Bengelen bei d’Tromm geheit hunn.

Dass d’Offer an de russesche Butteker esou grousszügeg ass erkläert d’Zeitung och domat, dass ganz vill südlech Länner net bei der Sanktiounspolitik matmaachen a weiderhin normal Handelsbezéiungen mat Russland hunn. Dës Länner liwweren genau wéi virdrun hirt Uebst a Geméis a Russland. Donieft ka Russland ob bëlleg Energie zréckgräifen fir seng eegen Serren a Ställ ze hëtzen.

Et gesäit demno sou aus, wéi wann Europa sech mat de Russlandsanktiounen an d’eege Fleesch geschnidden hätt an et just nach eng Saach vun der Zäit ass, bis mir an der EU ähnlech Zoustänn wéi a Groussbritannien hunn. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0