· 

Ëmmer déi al Schanken

Zanter den deemolege CSV-Finanzminister an aktuelle Spëtzekandidat vun de Chrëschtlech-Sozialen, Luc Frieden, 2012 decidéiert huet, d'Steiertabell net méi un d'Präisdeirecht unzepassen, werten bis Enn 2023 insgesamt 10 Indextranchen erfall sinn. Wéi d'Kafkraaft 2012 ausser Kraaft gesat gouf, war de Luc Frieden allerdéngs op ee Kompliz ugewisen, deen hie prompt am deemolege Koalitiounspartner, der LSAP, fonnt huet.

Historique Index (source: Statec).
Historique Index (source: Statec).

Zanterhir rëtsche mer alleguer a schéiner Regelméissegkeet, ëmmer dann wann eng Indextranche vun 2,5% erfällt, gläichzäiteg an eng méi héich Steierkategorie, well mer jo méi verdéngen, sou dass em Endeffekt fir déi meescht vun eis just nach Gegrimmels iwwregbleift. Bis den Tripartite-Accord vun 2023 endlech emgesat gëtt, also réischt am Januar 2024, bezuele mer weiderhin vill méi Steieren wéi mer eigentlech missten, obwuel déi 2,5%, déi mer méi am Brutto hunn eigentlech dofir geduecht sinn, d'Präisdeirecht vun de vergaangene Méint auszegläichen.

An och nom 1. Januar 2024 - sou gesäit den Tripartite-Accord vu gëschter et vir - gëtt dat geklauten Akommes, also 25% déi a Form vu Steieren ofgeknäppt ginn, just mat 6,25% vergüt!

Blo-Rout-Gréng handelt demnoo net besser wéi Schwaarz-Rout. Et funktionnéiert nom Prinzip: "Die Masse füllt die Kasse".

Gläichzäiteg kréie multinational Konzerner an Investmentfongen de rouden Teppech ausgerullt, maachen ee Steierruling a kënnen, deemno wéi, hirt ganzt Akommen ( = Benefice) an d'Täsch stiechen, well se entweder guer keng oder bal keng Steieren bezuelen.

D'Geschwafel vun den LSAP-Schwätzer Dan Biancalana an Dan Kersch vu sozialer Gerechtegkeet ass am Endeffekt näischt anescht wéi waarm Loft.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0