· 

"Wat ass mat Europa passéiert, nondidjö?"

Iwwert d'terrorattack op Nord Stream 1 an 2

Obwuel mëttlerweilen bekannt ass, dass d’Gaspipelines Nord Stream 1 an Nord Stream 2 am September d’lescht Joer vun den USA, op Befehl vun hirem President Biden héchstperséinlech, sabottéiert goufen, woumat eng vun de wichtegsten Infrastrukturen an Europa verwüst ginn ass, mécht d’EU weider, wéi wann näischt geschitt wär. 

Den ireschen Europadeputéierten Mick Wallace (GUE/NGL, La gauche, die Linke) huet sech den 2. Mäerz 2023 am Europaparlament zum Terrorakt geäussert.

"Den Ugrëff op Nord Stream war ee geplangten terroristeschen Attentat op kritesch europäesch Infrastruktur an d’EU wëll ëmmer nach net wëssen, ween et war.", huet hien a senger Ried gesot an huet mat enger Fro ofgeschloss : "Den Hersh seet, d’USA si verantwortlech. Si mir elo sou duckmäuseresch géintiwwer dem US-Imperium ginn, dass mer eis net emol trauen, ze froen, ob si et wierklech gemaach hunn? Wat ass mat Europa passéiert, nondidjö?"

Hei ass en Auszuch vum Mick Wallace senger Interventioun am EU-Parlament.

 

Kommentar schreiben

Kommentare: 0