· 

Arméiminister stécht weider 200 Milliounen an d'Rüstung

De gréngen net-pazifisteschen Arméiminister Bausch (déi Gréng), dee viru kuerzem an engem Wort-Interview zouginn huet, ni ee Pazifist gewiescht ze sinn, geet an d’Geschicht an als dee Politiker, deen am meeschte Steiergelder an d’Oprëschtung gestach huet.

Nieft den iwwer honnert Milliounen fir d’Bewaffnung vun der Ukrain, kann de Minister Bausch sech op d’Schëller klappen, well et kommen nach folgend Ausgaben dobei:

► Sattellit GovSat 1 : 225 Milliounen

► Sattellit LUXEOSys : 350 Milliounen

► Militärfliger A400M : 420 Milliounen

► 80 nei gepanzert Gefierer CLRV : 367 Milliounen

► Nei Satellittecapacitéiten : 200 Milliounen

Iwwert dës nei, zousätzlech Satellittecapacitéiten huet RTL haut bericht.

Dat mécht een 𝙏𝙤𝙩𝙖𝙡 𝙫𝙪𝙣 𝟏,𝟔𝟔 𝙈𝙞𝙡𝙡𝙞𝙖𝙧𝙙𝙚𝙣 Euro aus

Awer fir eng Steierreform, fir de Finanzement vu Schichtebussen op d’Goodyear an an aner Industriezonen oder fir de Logement si keng Suen do. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0