· 

New York Times iwwer Lëtzebuerger Militärhëllef fir d'Ukrain

D'Ukrain kritt déi waffe geliwwert, déi se brauch

 

Et ass schonn erstaunlech, dass een d’New York Times liese muss fir gewuer ze ginn, wéi de Krichsminister François Bausch (déi Gréng) mat eise Steiergelder Waffe fir d’Ukrain keeft an se direkt dohinner liwwert.

De 17. Februar 2023 huet d’NYT en Artikel mam Titel "How a Tiny NATO Nation Tackled a Big Problem: Arming Ukrain" op senger Websäit püblizéiert. Den Artikel gouf vun der Seattle Times iwwerholl, wou e fräigeschat ass an een e gratis liese kann.

Well Lëtzebuerg selwer keng Waffen a keng Munitioun huet, déi se der Ukrain kann zur Verfügung stellen, huet de Minister Bausch extra en Service aus zwee Zaldoten op d’Bee gestallt, déi um fräie Maart no Waffe sichen – dobei kënnt souguer d’Sichmaschinn Google zum Asaz. Déi zwee Leit kafe Waffen, déi dann ouni Ëmwee direkt an d’Ukrain geliwwert ginn. Virleefeg soll dës Aktioun soulaang weiderlafen, bis déi aner Nato-Länner hir héichentwéckelt Waffen liwweren.

"Dat ass een düstert Geschäft", gëtt de François Bausch der NYT ze bedenken, "virun allem well haaptsächlech Waffen aus der Sovjetzäit kaaft ginn. Awer mit si flexibel a kënnen um fräie Maart kafen, wat d’Ukrainer brauchen, an et hinnen direkt liwweren."

Lëtzbuerg huet schonn 12.500 Panzerofwierrakéiten kaaft an un d’Ukrain geliwwert. Weider Waffen a Munitioun, virun allem Rakéiten, ginn am Fréijor dëst Joer geliwwert. "Mir kënnen de Putin net gewäerde loossen", war d’Conclusioun vum Lëtzebuerger Krichsminister.

Déi westlech Länner hunn der Ukrain bis elo Waffen am Wert vu 40 Milliarden Dollar geliwwert. Hei kritt een en Iwwerbléck, em wat et sech dobei handelt.

De Lëtzebuerger Beitrag chiffréiert sech op ronn 100 Milliounen Euro. Dat geet aus enger Äntwert vun der Finanzministesch op eng parlamentaresch Ufroo vum Oktober 2022 ervir.

Wi vill Suen Lëtzebuerg bis haut tatsächlech an d’Bewaffung vun der Ukrain gestach huet, geet aus den offiziellen Zuelen net ervir. An der Oplëschtung vum belsche Centre de recherche GRIP steet am Abschnitt iwwer Lëtzebuerg: "Aucun montant concernant l'envoi de matériels militaires n'a été annoncé par le gouvernement luxembourgeois."

 

Transparenz schéngt net grad eng Stäerkt vun dëser Regierung ze sinn. Et bleift ze hoffen, dass den Arméiminister an d’Finanzministesch sech bewosst sinn, dass si d’Ukrain mat eise Steiergelder bewaffnen. An domat ass nach laang net jiddereen averstanen!

 

Klengen Tipp un eise Militärminister: Vläicht wär et mol interessant am Darknet ze stöberen. Béis Zonge behaapten, do géif een e gudden Deel vun de westleche Waffen un d'Ukrain erëmfannen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 5
  • #1

    Lucie (Montag, 20 Februar 2023 14:58)

    Ech fannen dat mëttlerweil kriminell wat fir eng Kriegstreiber an Europa fungéieren. Ech sin der Meenung dass et lo duer geet an dass nees Verhandlungen solle stattfannen. Ech wëll net dass mat menge Steiergelder Waffe kaaf gin.

  • #2

    Rom Forthoffer (Dienstag, 21 Februar 2023 06:40)

    mir feelen d' Wieder se sen all gleich ob Militär Gesondheet oder oder kee Geescht mir steierzuhler blechen hier Inkompetenz wast huen se bis ewell am Krich ereecht dach eppes et ass alles vill mei deier ginn merci awer an nach mei Sanktionen merci villmols merci

  • #3

    cnotreavenir (Mittwoch, 22 Februar 2023 02:32)

    Net nëmmen dat äis Steiergelder fir Krich ze spillen ugewendt get, mée virun allem ass et schlëmm dat MIR Kanner a Mënschen embrëngen (eist Geld, also mir)! An engem Krigg wou mir äis guer net anzemëschen haten, awer guer net. Dese Krigg geet äis definitiv neischt un. Wann en d'Hannergrënn kent da wées e firwat dest geschitt ass. Dese Krigg wir och schons laang eriwer, ouni all des doudeg Zivilisten (an Zaldoten). Well de Russ brëngt d'Leit net einfach esou emm a schons guer net seng éegen, net wéi den Ukrainer, dén huet jo domatter kee Problem, och net fir d'Leit ze quälen!!! Dat heescht fir mech ganz kloer dat mir Bierger vum Staat zu Killer gemeet gi sinn. Mir sinn elo all Maerder, a wann de Putin net do wir, da wire mir schons längst an engem 3. Weltkrigg, dat ass meng Méenung. Virun engem knappe Joer war eise Staat ganz houfreg an am Essentiel war ze liesen: Schwéier Waffen un d'Ukraine geliwwert! Ech duecht direkt: Mée hun déi se nach all? Déi fei'eren äis an äis Kanner direkt an e Krigg! Déi hun dach all eng mat der Ratsch......a sou eppes regeiert äist Land! Schummt iech. Kriminell Machthaber!

  • #4

    Deville Sylvie (Donnerstag, 23 Februar 2023 06:32)

    Ech denken ganz genau esou wéi den cnotreavenir
    Genau esou ass et !
    Net de Putin ass den Kriegsdreiwer, mé de ganzen Westen, deen Waffen liwert, gesteiert vun den Demokraten aus Amerika.

  • #5

    Geet.et.nach? (Samstag, 25 Februar 2023 07:22)

    „Well de Russ brëngt d'Leit net einfach esou emm a schons guer net seng éegen“
    Hallo, leider dach! Oder déi Biller aus der Ukraine sinn all gefaked, oder wat?!