· 

Et waren also awer d'Amerikaner

Nordstream-Sabotage gekläert

Nom Sabotageakt vum 26. September 2022, bei deem d’Gaspipelines Nord Stream 1 an 2 gesprengt goufen an op ee Coup 16% vun de Gasimporter vun der EU flöte waren, gouf an de soziale Medien wëll spekuléiert ween de schëllege wär. Ech ka mech erënneren, dass eng Onmass vu FB-Useren d’Russen verdächtegt hunn, hir eege Pipelines zerstéiert ze hunn well se den Europäer kee Gas méi wollte liwweren. Firwat d’Russen awer een 18-Milliarden-Euro-Projet, deen zu 51 Prozent vun hinne selwer finanzéiert gouf, sollen zerstéieren, war fir mech onerkläerbar.

Eng Minoritéit vu Facebook-Useren, déi sech getraut hat, d’Amerikaner, d’Englänner oder d’Ukrainer ze beschëllegen, gouf vun de krichsbegeeschterten USA-Unhänger diffaméiert an als Toperten duergestallt. Eng Fotomontage vun deemols, déi ech hei matposten, huet viru véier Méint d’Ronn op de soziale Netzwierker gemaach.

Lo stellt sech eraus, dass déi Fotomontage absolut net mat den Hoer erbäigezunn ass, well et tatsächlech d’USA waren, déi op Unuerdnung vum President Biden, scho sechs Méint virum grousse Knall, Sprengstoff un de Pipelines befestegt haten fir en dann Enn September detonéieren ze loossen.

Dëst huet de renomméierten US-Journalist Seymour Hersh am Kader vu senge Recherchen erausfonnt. De 86 Joer alen Seymour Hersh ass der US-Regierung, egal vu wat fir enger Faarf, zanter éiweg een Dar am Aan. Scho während dem Vietnamkrich huet hien d’Krichsverbriechen vun der amerikanescher Arméi opgedeckt an et war och den Hersh, deen als éischten iwwert d’Foltermethoden vun den US-Zaldoten am Abu-Ghuraib-Prison am Irak bericht huet.

An engem laangen a gutt recherchéierten Artikel op senger eegener Websäit, geet de Seymour Hersh op d’Detailer vun der Spreng-Operatioun an. Säin Artikel kann een hei noliesen.

Krampfhaft probéieren d’US-Regierung an den CIA sech erauszerieden andeems si behapten, si wären et net gewiescht, dem Hersh säin Artikel wär eng eenzeg Ligen, et wär alles erfonnt.

Insgeheim wëssen si awer, dass den Hersh Recht huet, well all Skandaler, déi den Hersh, deen ëmmerhin mam Pulitzer-Präis ausgezeechent gouf, opgedeckt huet, bis an de leschten Detail recherchéiert sinn.

Fir mech handelt et sech bei der Sabotage-Aktioun Nord Stream 1 an 2 em Staatsterrorismus, mam Resultat, dass Europa lo gezwongen ass, emweltschiedlechen amerikanesche Frackinggas ze kafen, dat zu engem Präis, dee véier Mol méi héich ass, wéi de russeschen Erdgas.

D'Fro ass, wat een sou Leit wéi Biden & Co. iwweerhaapt nach ka gleewen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0