· 

Limoges: Gréngflächen ginn zu Gäert

D'Stad Limoges am Zentrum vu Frankräich ass villen ee Begrëff wéinst der Porzeläinfabrikatioun. Säit kuerzem ass Limoges, dat e bëssen méi grouss ass wéi d'Stad Lëtzebuerg, popülär ginn wéinst enger luewenswäerter Initiativ, vun där d'Awunner och tatsächlech eppes hunn. An zwar huet d'Stad am Hierscht ugefaangen, op hire Gréngflächen an an hire Blummebacen Geméis unzeplanzen, dat elo gratis un d'Leit verdeelt gëtt.

An Zäiten vun héijer Inflatioun ass dat ee ganz flotte Projet.

Et geet, wann ee wëllt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0