· 

Wat bleift mam Index tatsächlech am Portmonni?

Et bleiwe 50 Cent iwwreg

Well de Steierkredit "Energie" den 31. Mäerz 2023 ausleeft, falen vum 1. Abrëll 2023 un, trotz Indextranchen vum Februar an Abrëll, bei ville Lounofhängegen a Pensionnairen bis zu 84€ vun hirem Akommes ewech, sou dass si just nach 50 Cent de Mount méi am Portmonni hunn.

Den Artikel op RTL kann een hei noliesen.

Moie Misch! De Paperjam huet ausgerechent, dass trotz Indextranchen am Februar an am Abrëll 2023, ee Mindestlounempfänger em Endeffekt just nach 0,50€ de Mount méi am Portmonni huet. An dat an Zäiten, wou d'Liewensmëttelbranche gëschter 

wéinst den héijen Energiepräisser Präishaussen vu 50 Prozent elleng op Uebst a Geméis ugekënnegt huet! De Steierkredit "Energie" ass ee Produkt vun der Tripartite vum 31. Mäerz 2022 an ass de Bierger als Ersatz fir déi geklauten Indextranche verkaaft ginn. Deemols huet et geheescht, vill Leit kréischen esouguer méi wéi déi 2,5% Erhéijung beim Erfalen vun enger Indexertranche. Dat war dunn och d'Argument fir déi fälleg Indextranche vun 2022 op den 1. Abrëll ze reportéieren.

Do ass d'Rechnung ouni de Wiert gemaach ginn! Anescht wéi bei enger normaler Indexerhéijung, déi recurrent, also dauerhaft ass, ass de Steierkredit nämlech zäitlech begrenzt. En ass am August 2022 fir eng Dauer vun 8 Méint a Kraaft getrueden (méi iwwert de Steierkredit ► https://www.wort.lu/de/politik/das-erhalten-sie-2022-an-steuergutschriften-624ac477de135b9236d43448?fbclid=IwAR0WPG82DcSCTCUlFtXot8hfDcJ1eJpbIKKW7oQSNQ6KOfIws5-FzSXC9Do).

Ech hunn dem Paperjam seng Rechnung iwwerpréift: si stëmmt!

Sou ass dat eben an dësem Land: mat där enger Hand ginn a mat där anerer huelen. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0