· 

90 Sekonnen virun 12

Während d'Atomkrichsauer (op Englesch: doomsday clock) an de leschte Wochen an Deeg op 90 Sekonnen virun 12 geréckelt ass, ginn et leider ëmmer méi Politiker, déi der Meenung sinn, Fridden kéint ee just mat nach méi Waffen schafen. Ee Paradox! Sou wéi wann een e Feier kéint löschen andeems een Ueleg drop schëtt!

A wat ass, wann d'Krichsgéigner, déi hautdesdaags - zu Onrecht - als "Putinversteher", "Putinfan", Faschisten, Friddensapostelen, Toperten a sou weider diffaméiert ginn, awer Recht haten?

Brengen eis Leit wéi Biden, Scholz, Baerbock, Macron, Kaczyński, Zelensky a Bausch eis wierklech de Fridden oder zéien si eis ëmmer méi an ee Flächenbrand, an ee Weltkrich eran?

Hei ass de Link fir d'Atomkrichsauer: https://thebulletin.org/doomsday-clock/#nav_menu

An hei ass dee passenden Antikrichssong dozou. ▼

Kommentar schreiben

Kommentare: 0