· 

E Beispill vun ukrainescher Propaganda

Déi liberal, ukrainesch Deputéiert Lesia Vasylenko wollt extra schlau sinn wéi si d'Foto vum 8 Joer jonken Mark op Twitter gepost huet, dee scheinbar grad ee russeschen Rakéitenugrëff iwwerlieft soll hunn.

Hire Schoss ass awer gehéierlech no hanne lassgaang. De Jong op der Foto huet nämlech guer näischt mat der Ukrain ze dinn. Déi ukrainesch Deputéiert huet d'Foto mir näischt, dir näischt vum Cover vun engem spuenesche Buch, dat 2013 erauskomm ass, geknäipt.

Ee Facebook-User, den Thomas Tombinha, huet recherchéiert an erausfonnt:

📌 d'Buch vun 2013 mat der Foto vum Béifchen existéiert tatsächlech: https://www.amazon.com/hombre-olvido.../dp/8415996012

📌 de Post vun der ukrainescher Deputéierten Lesia Vasylenko gëtt et och: https://www.facebook.com/photo.php?fbid=10159988345556329&set=p.10159988345556329&type=3

Nodeems déi onéierlech Parlamentarierin aus der Ukrain 𝘪𝘯 𝘧𝘭𝘢𝘨𝘳𝘢𝘯𝘵𝘪 beim Léien erwëscht gouf, huet si hire Post gelöscht, huet dobei awer net dru geduecht, dass den Internet näischt vergësst. An den Internetarchiven ass hiere Message nämlech nach ëmmer eremzefannen, wéi d'Facebook-Userin Gisela Strickmann beweise kann: https://archive.vn/i6Zi8

Am Krich stierft bekanntlech d'Wourecht mat als éischt.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0