· 

Sanktiounen

"Ukrainkrich" ass d’Wuert vum Joer 2022, hannendru kommen d’Wierder "Energiekris" a "Präisdeckel". Woubäi d’Energiekris an de Präisdeckel eng direkt Konsequenz vun de Sanktioune sinn, déi Lëtzebuerg zesumme matt der EU an anere Staaten, déi sech zum demokratesche Westen zielen, géint Russland verhaangen huet.

Ënnert de Sanktiounen leiden virun allem déi normalstierflech Leit, fir déi d’Inflatioun ëmmer méi zu engem Problem gëtt, well se net wëssen wéi se déi zwee Enner um Mount beieneen kréie sollen.

Déi negativ Konsequenzen vun de Russlandsanktiounen schéngen sech allerdéngs nëmmen op den normale Konsument auszewierken, wéi aus engem rezenten Tweet vum fréiere belsche Premierminister an aktuellen liberalen Europadeputéierten Guy Verhofstadt ervirgeet.

Wärend de liberalen Xavier Bettel d’Lëtzebuerger mat Duerchhalteparolen wéi "𝘋’𝘚𝘢𝘯𝘬𝘵𝘪𝘰𝘶𝘯𝘦𝘯 𝘩𝘶𝘯𝘯 𝘦𝘦 𝘗𝘳ä𝘪𝘴. 𝘋𝘦 𝘍𝘳𝘪𝘥𝘥𝘦𝘯 𝘩𝘶𝘦𝘵 𝘦𝘦 𝘗𝘳ä𝘪𝘴. 𝘔𝘪𝘳 𝘮𝘶𝘴𝘴𝘦 𝘣𝘦𝘳𝘦𝘦𝘵 𝘴𝘪𝘯𝘯, 𝘥ë𝘴𝘦 𝘗𝘳ä𝘪𝘴 𝘻𝘦 𝘣𝘦𝘻𝘶𝘦𝘭𝘦𝘯" drop virbereet, de Rimm méi enk ze zéien, huet säi Parteikolleg aus der Belsch längst erkannt, dass d’Sanktiounen absolut näischt daachen. Den 2. Januar 2023 huet de Verhofstadt folgendes getwittert : "𝘌𝘦 𝘉𝘪𝘭𝘥 𝘴𝘦𝘦𝘵 𝘢𝘭𝘭𝘦𝘴. 9 𝘚𝘢𝘯𝘬𝘵𝘪𝘰𝘶𝘯𝘴𝘱ä𝘤𝘬 𝘢𝘯 𝘥𝘦𝘯 𝘌𝘧𝘧𝘦𝘬𝘵 𝘢𝘴𝘴 𝘮𝘢𝘯𝘯𝘦𝘳 𝘸é𝘪 𝘕𝘶𝘭𝘭 ! 𝘔𝘪𝘳 𝘣𝘦𝘭𝘰𝘶𝘯𝘦𝘯 𝘙𝘶𝘴𝘴𝘭𝘢𝘯𝘥 𝘯𝘢𝘤𝘩 𝘧𝘪𝘳 𝘴ä𝘪 𝘒𝘳𝘪𝘤𝘩 𝘨é𝘪𝘯𝘵 𝘦𝘪𝘴 !" Ënnert sengem Text publizéiert hien eng Graphik, opgesat mat Zuelen vun Eurostat, aus där ervirgeet, dass den Handel tëscht den EU-Staaten a Russland zanter dem Februar 2022 kräfteg gewues ass. Eng Ausnahm stellen déi skandinavesch a baltesch Länner duer.

Kuckt een sech d’Zuelen méi am Detail un, da stellt ee fest, dass den Import aus Russland hei zu Lëtzebuerg souguer em 262% () geklommen ass. Just Slovenien weist mat engem Plus vun 346% nach méi eng grouss Steigerug op.

Wee vun dëser extrem héijer Handelshausse mat Russland profitéiert, schéngt jo wuel kloer ze sinn. Den normale Bierger ass et jiddefalls net, dee muss nämlech ëmmer méi déif an d’Täsch gräifen, wann en zu Lëtzebuerg einegermoossen normal weiderliewe wëllt.

D’Grafik, déi de Guy Verhofstadt an de soziale Medien püblizéiert huet, weist op en Neits d’Doppelmoral vun der EU : Waasser priedegen, awer Wäin drénken !

Kommentar schreiben

Kommentare: 0