· 

2,7 Milliarden € fir Militär an Oprëschtung

Rekordausgaben fir krich, waffen an high-tech

De gréngen Arméiminister huet ugekënnegt, 367 Milliounen Euro auszeginn fir de Fuerpark vu grad emol 80 Gefierer vun der Lëtzebuerger Arméi ze erneieren.

Dobäi koum et zu widderspréchlechen Aussoen : wärend den Arméiminister ze verstoe ginn huet, en Upgrade vun de bestoende Gefierer géif méi deier ginn wéi d’Uschafung vu neie Gefierer, huet de Chef d’État-Major vun der Arméi erkläert, en Upgrade géif 240 Milliounen Euro kaschten, also 127 Milliounen ënnert dem Betrag vun 367 Milliounen Euro.

Ween am Endeffekt Recht huet, ass schwéier ze soen. Ëmmerhin koumen d'Gefierer schon zweemol richteg an den Asaz, wéi de Chef d'État-Major am Interview op RTL-Télé erkläert huet, an zwar am Kosovo an an Afghanistan.

Wéi scho beim Militärsatellit, dee laut Budget 2018 am Ufank "just" 170 Milliounen Euro kaschte sollt, huet den Arméiminister missten an der Chamber eng Enveloppe vu weideren 180 Milliounen nostëmme loossen, well sech bei der éischter Rechnung fatzeg geiert gouf.

Den Arméiminister suergt fir Ofwiesslung bei der Parad fir Groussherzog's Gebuertsdag. Hie keeft der Arméi nei Autoen. (Foto: armee.lu)
Den Arméiminister suergt fir Ofwiesslung bei der Parad fir Groussherzog's Gebuertsdag. Hie keeft der Arméi nei Autoen. (Foto: armee.lu)

Eréischt d’lescht Joer am Juli huet déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain sech an der Chamber fir de Kaf vun 8 Militärfligeren fir d’NATO agesat an erkläert, dass et mat deenen ursprénglech geplangten 172 Milliounen Euro net duer geet, mais dass Lëtzebuerg insgesamt misst 600 Milliounen Euro, also 428 Millioune méi, op den Dësch bliederen.

Am Mee 2020 huet hire Parteikolleeg Bausch missten zouginn, dass och deen 2018 gestëmmte Budget vun 170 Millioune fir de Militärsatellit "Luxeosys" bei wäitem net duergeet. Amplaz de Kaf komplett ze annuléieren, huet hien eng weider Enveloppe vun 180 Millioune an der Chamber gefrot an och accordéiert kritt. De Militärsatellit gëtt de Steierzueler deemno méi wéi duebel esou deier a kascht elo mindestens 310 Milliounen Euro.

Schonn deen éischte Militärsatellit GOVSAT, deen 2020 op Orbit gaangen ass, huet de Steierzueler um Enn 350 Milliounen Euro kascht, obwuel ursprénglech "nëmmen" 170 Millioune virgesi waren.

Hei e puer milliounen, do e puer milliounen

D'Ersetze vun den Instrumenter fir d'Militärmusek wär méi bëlleg gi wéi de Fuerpark. Dobäi wär och nach eppes fir d'Kultur gemaach ginn. (Foto: armee.lu)
D'Ersetze vun den Instrumenter fir d'Militärmusek wär méi bëlleg gi wéi de Fuerpark. Dobäi wär och nach eppes fir d'Kultur gemaach ginn. (Foto: armee.lu)

Am Oktober 2020 huet Lëtzebuerg säin éischten Militärtransportfliger A400M geliwwert kritt, deen awer an der Belsch stationéiert ass. Dëse Fliger huet de Steierzueler 197 Milliounen Euro kascht a wäert an de nächste 35 Joer weider 420 Milliounen Euro u Betribskäschte verschlengen.

Fir 137 Milliounen Euro ass 2018 d’Renovatioun vun der Kasär um Dikrecher Härebierg beschloss ginn, d’Renovatioun vum NATO-Site Capellen (déi al Namsa) gëtt fir 200 Milliounen Euro renovéiert.

Ënnert dem gréngen Arméiminister Bausch goufen Enn 2019 zwee Militärhelikopteren vum Typ Airbus-H145M fir de Gesamtpräis vun 39 Milliounen Euro geliwwert. Obwuel dës Maschinnen och fir polizeilech Zwecker an den Asaz komme sollen, goufen se iwwert de Militärbudget finanzéiert.

Fir de Chef d'État-Major kascht en Upgrade vum Fuerpark "just" 240 Mio., fir de Minister Bausch gëtt den Upgrade méi deier wéi ee neie Fuerpark vun 367 Mio. Wat ass richteg? (Foto: RTL)
Fir de Chef d'État-Major kascht en Upgrade vum Fuerpark "just" 240 Mio., fir de Minister Bausch gëtt den Upgrade méi deier wéi ee neie Fuerpark vun 367 Mio. Wat ass richteg? (Foto: RTL)

Zousätzlech goufen 3 mëttelgrouss Transporthelikopteren vum Typ NH-90 fir d’Arméi bestallt, de Gesamtkäschtepunkt soll bei 78 Milliounen Euro leien.

Geplangt ass ausserdeem e Militärspidol, woubäi den Arméiminister nach kee Käschtepunkt matgedeelt huet, well aktuell eng Machbarkeetsstudie am Gaang ass.

Ënner grénger Regierungsbedeelegung, mat engem gréngen Arméiminister, goufe bis elo summa summarum 2,7 Milliarden Euro an d’Militär an an d’Rëschtung gestach, woubäi de Bau vum Militärspidol mol nach net mat aberechent ass.

militärausgaben am verglach mat aneren ausgaben

De Jupp Weber an de Jean "Muck" Huss waren 1984 déi éischt Deputéierten vun "Déi gréng Alternativ". Vum alternative Wand ass leider net méi vill iwwreg bliwwen. (Foto: Forum)
De Jupp Weber an de Jean "Muck" Huss waren 1984 déi éischt Deputéierten vun "Déi gréng Alternativ". Vum alternative Wand ass leider net méi vill iwwreg bliwwen. (Foto: Forum)

Sinn dat also d’Prioritéite vu grénger Politik? Wärend sech déi Gréng an den 1980er Joren als Matbegrënner vun der Friddensbeweegung géint Krich an Oprëschtung aktiv gewiert a Krich als politescht Mëttel ausgeschloss hunn, gesäit dat haut offensichtlech anescht aus.

Vergläicht een de Militärbudget mam Budget vun anere Ministèren, dann huet een all Grond, rosen an enttäuscht ze sinn. Hei e puer interessant Chifferen:

Soziale Wunnengsbau: 141 Milliounen fir 2021

Bau Südspidol: 570 Milliounen

Bau Fussball-Stadion: 80 Milliounen

Bau Munnerefer Lycée: 80 Milliounen

1 Woch Large Scale Testing: 2 Milliounen

Fleegeversecherung: 319 Milliounen fir 2021

Finanzement Pensiounsversecherung: 1,9 Milliarden fir 2021

Finanzement Krankeversecherung: 1,2 Milliarden fir 2021

Finanzement Revis (RMG): 190 Milliounen fir 2021

Participatioun Alters- a Fleegeheimer: 9,9 Milliounen fir 2021

Versement Fonds pour l'emploi: 561 Milliounen fir 2021

Économie sociale et solidaire: 561 Dausend fir 2021

Entwécklungshëllef: 226 Milliounen fir 2021

Hëllef fir d'Réfugiéën: 4 Milliounen fir 2021

Alimentation Plan hospitalier: 55 Milliounen fir 2021

Europäesch Kulturhaaptstad: 6,5 Milliounen

Entretien vu Siten a Monumenter: 400 Dausend fir 2021

Subventioun Landwirtschaft: 2,8 Milliounen fir 2021

Promotioun Bio-Landwirtschaft: 500 Dausend fir 2021

Konsumenteschutz: 800 Dausend fir 2021

Fir déi bal 3 Milliarden, déi an d'Militär an an d'Rüstung gestach ginn, kéinten also vill aner Projeten realiséiert ginn. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0