· 

De Grand-Duc ass zréck am Land

City Trip op lëtzebuerg

De Grand-Duc geet den Impfzentrum um Lampertsbierg kucken. Foto: Luxemburger Wort
De Grand-Duc geet den Impfzentrum um Lampertsbierg kucken. Foto: Luxemburger Wort

Haut war de Grand-Duc zréck an d’Land komm fir den Impfzentrum um Lampertsbierg kucken ze goen.

Et bleift ze hoffen, dass säi Réckfluch op Biarritz mat Zäit gebucht gouf, soss riskéiert den Henri de Nassau eng Geldstrof bis zu 3.750€, wann hie net virum Couvre-feu um 6 Auer den Owend nees doheem.

Seng Dénger wäerten hien och hoffentlech op de Noutfall virbereet an drop higewisen hunn, dass fir all Rees ausserhalb vun der Ausgangsspär eng « Attestation de déplacement » auszefëllen ass. Et brauch ee nämlech an deem Fall ee gudde Grond fir säin Deplacement. Beschtefalls kann de Grand-Duc ëmmer nach d’Attestatioun fir Frontalieren ausfëllen, well hie jo schliisslech aus beruffleche Grënn tëscht Frankräich a Lëtzebuerg hin an hir pendelt.

Am August 2020 huet de Grand-Duc a seng Fra eng Luxuswunneng mat Vue sur mer zu Biarritz kaaft. Den 31. August 2020 wären se definitiv dohinner geplënnert. Zu Biarritz kéinten si verstoppt liewen an hätten hir Rou. D’Leit wären esou frëndlech an onverfälscht am Baskeland, huet hien der franséischer Onlinezeitung « Histoire Royales » gesot.

Foto: Luxemburger Wort
Foto: Luxemburger Wort

Fir Onmut a Kapprësselen hat jo dem Grand-Duc säi Verhale kuerz virun de Feierdeeg gesuergt, wéi hien de 24. Dezember 2020 d’Gesetz iwwert de Lockdown an d’Ausgangsspär ënnerschriwwen hat, wärend hien a seng Fra sech nach ëmmer zu Biarritz opgehalen hunn. Iwwert senger Ënnerschrëft vum Gesetz steet dofir: "Biarritz, le 24/12/2020". De Gesetzestext gouf mam Fliger hin an hir geflunn.

"Loosst de Kapp net hänken." Foto: Maison du Grand-Duc.
"Loosst de Kapp net hänken." Foto: Maison du Grand-Duc.

Dee selwechten Dag kënnt eng Ried vum Grand-Duc um Radio an op der Télé, bei där een den Androck hat, si géif live iwwerdroe ginn. A Wierklechkeet souz de Grand-Duc awer zu Biarritz, d'Ried gouf am Virfeld opgeholl. Als Kréinung, souzesoen, huet hien de Leit zu Lëtzebuerg vill Mutt bei der Bekämpfung vum Coronavirus gewënscht. « Loosst de Kapp net hänken », huet hien sengem Vollek aus dem sonnege Biarritz mat op de Wee ginn. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0