· 

Biergerinitiativ Wäiswampech reagéiert

Recours géint LAMY-Projet agereecht

Fir déi eng ass et ee schéine Chrëschtdagscadeau, fir déi aner ass d'Noochricht wéi ee Schlag an d'Gesiicht, deen hinnen Feierdeeg verhonzt. D’Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich hat et annoncéiert, elo ass et konfirméiert: de Recours géint d’Decisioun vun der Ëmweltministesch Carole DIESCHBOURG (déi Gréng) vum 14. September 2020, mat där si gréng Luucht fir de Bau vum iwwerdimensionéierten Tourismusprojet vum belsche Promoteur LAMY um Wämper Séi ginn huet, gouf fristgerecht um Verwaltungsgeriicht agereecht. Dëst war nëmme méiglech, well ganz vill Leit dem Opruff vun der Biergerinitiativ vum September 2020 gefollegt sinn a Sue gespent hunn fir de Prozess ze finanzéieren.

Den Affekot vun der Biergerinitiativ, de Maître Tom Krieps, verlaangt vum Geriicht, d’Decisioun vun der Ministesch entweder ofzeänneren oder carrement ze annuléieren.

D'Ministesch hätt géint d’Gesetz vum 15. Mee 2018 iwwert d’Emweltverträglechkeetsprüfungen (Évaluation des incidences sur l’environnement - EEI), géint d’Naturschutzgesetz a géint de Règlement grand-ducal vum 1. August 2018 gehandelt.

De Jurist argumentéiert, dass bei engem Projet vum Ausmooss wéi de « Suneo Park » (deen an der Tëschenzäit an « Anatura Luxembourg » ëmgedeeft gouf), eng sérieux an detailléiert Impaktstudie hätt misse gemaach ginn. Dat wär awer net geschitt.

DÉIREWELT GOUF KOMPLETT IGNORÉIERT

Presenz vum Fëschadler um Séi ass dokumentéiert
Presenz vum Fëschadler um Séi ass dokumentéiert

Am Lamy sengem « Bilan écologique » géifen e puer Biotopen opgezielt a vum Promoteur selwer bewäert ginn.

D'Dokument géif sech ausschliisslech op d’Planze limitéieren, d’Déierewelt géif komplett ignoréiert ginn.

Elleng aus deem Grond wär dem Lamy säi "Bilan écologique"  absolut näischt Wäert an dofir ze verwerfen.

De Séi wär de Liewensraum vun enger ganzer Rei geschützte Vullen an Amphibien. Och déi seele Wëllkaz wär do beobacht ginn. De Jurist verweist an deem Kontext op eng ausféierlech Lëscht vu seelenen a geschützte Vullen, opgesat vun Natur an Ëmwelt, déi um Site vum Séi hire Liewensraum hunn.

Weiderhi gëtt am Recours op d’Naturreservat Conzefenn verwisen, dat direkt un den ieweschte Séi (fréiere Fëscherséi) grenzt, a riskéiert a Matleedenschaft gezunn ze ginn.

Emweltministesch geneemegt ofholze vum bësch

Mam Seegen vun der Ëmweltministesch, gouf de Bësch um Site ofgeholzt.
Mam Seegen vun der Ëmweltministesch, gouf de Bësch um Site ofgeholzt.

Schonn de 24. Juli 2018 wär d’Ministesch an engem Bréif op d’Presenz vun enger ganzer Rëtsch vu seelenen a geschützten Déieren higewise ginn an hätt doropshin den 8. August 2018 geäntwert, de Projet géif d’Krittäre erfëlle fir eng "Évaluation des incidences sur l’environnement" ze maachen. Onverständlech wär an deem Zesummenhang d’Decisioun vun der Ëmweltministesch, déi obwuel se vun der Presenz vu geschützten Déieren wousst, trotzdeem d’Autorisatioun ginn hätt, de Bësch um Site ofzeholzen an en Dépôt fir Buedemaushub op der Plaz ze geneemegen.

Déi vun der Ëmweltministesch gefuerdert Kompensatiounsmoossname fir déi zerstéiert Natur wären extrem miserabel. Als Erënnerung : de Promoteur brauch déi zerstéiert Natur just duerch d’Planze vu ganzer 11 Beem auszegläichen. D’Daachbegréngung an en Opfangbecken fir d’Knaschtwaasser vum Hotel kritt de Lamy vum Ministère als Ersatzbiotopen ugerechent.

annulatioun vu geneemegung gefuerdert

An senger Conclusioun freet de Me Krieps nach eng Kéier d’Annulatioun, resp. d’Ofännerung vun der Ëmweltministesch hirer Decisioun a fuerdert d’Verurteelung vum Ëmweltministère zu alle Geriichtskäschten. Och verlaangt den Affekot, der Biergerinitiativ all weider Rechter, Kloen an Uspréch anzereechen, zouzegestoen.

Elo heescht et ofwaarde bis d'Geriicht en Datum matdeelt. Et däerf ee gespaant sinn, ob d'Firma LAMY nom Congé collectif am Bausektor d'Aarbechten um Séi ophëlt. Schlëmmstefalls kéint eng Remise en état vum Terrain d'Konsequenz sinn.

D'Lëtzebuerger Wort huet de 29. Dezember 2020 en zousätzlechen Artikel iwwert den Dossier püblizéiert. Affaire à suivre deemno. hh.


Download

Download
Recours Biergerinitiativ Wäiswampech Verwaltungsgeriicht
Iwwert hiren Affekot, de Me Tom Krieps, reecht d'Biergerinitiativ e Recours géint d'Decisioun vun der Ëmweltministesch um Verwaltungsgeriicht an.
Recours.pdf
Adobe Acrobat Dokument 193.3 KB
Download
Geneemegung vun der Ëmweltministesch Carole DIESCHBOURG
De LAMY-Projet um Séi kritt gréng Luucht vun der Ëmweltministesch.
Autorisation Ministère Environnement 14:
Adobe Acrobat Dokument 431.4 KB
Download
"Bilan écologique" vum LAMY, Partie 1
Bilan écologique LAMY partie 1.pdf
Adobe Acrobat Dokument 2.7 MB
Download
"Bilan écologique" vum LAMY, Partie 2
Bilan écologique LAMY partie 2.pdf
Adobe Acrobat Dokument 1.8 MB
Download
Bréif 24/7/2018 un Emweltministesch
Hiweis op seelen a geschützten Déieren um Séi.
lettre Environnement 24:7:2018.pdf
Adobe Acrobat Dokument 1.0 MB
Download
Äntwert Emweltministère vum 8/8/2018
Emweltministère bestätegt Impaktstudie.
Réponse MDDI 8-8-2018.pdf
Adobe Acrobat Dokument 537.8 KB
Kommentare: 4
  • #4

    Werner Heinz (Mittwoch, 30 Dezember 2020 07:25)

    Wieso Zeitarbeiter? Mann kann das ganze Jahr im Ösling Urlaub machen.

  • #3

    Hubert Hollerich (Mittwoch, 30 Dezember 2020 02:55)

    Zum Thema Aarbechtsplazen verweisen ech op d'Reklammebroschür vum Grupp Lamy (https://lamyproperty.com/images/brochures/wwp-brochure-commerciale_lamy-property-BDEF.pdf). De Grupp Lamy bedreift, eegenen Aussoen no, 8 Tourismuszentren an Europa, ënnerhält 12 Duechtergesellschaften a beschäftegt insgesamt 150 Salariéën. Zitt een dat administrativt Personal of, da kënnt een op ronn 15 Salariéën pro Touristesite. Ass et dat wierklech Wäert? Mussen zu Wäiswampech 100 Hektar versiegelt ginn fir 15 Aarbechtsplazen ze schafen? Em wat fir eng Aarbechtsplazen handelt et sech eigentlech? Wuel kaum em héichwäerteg, guttbezuelte Plazen. De Gros vun den Aarbechtsplazen gi mat grousser Wahrscheinlechkeet mat Zäitaarbechter besat, déi während der Summersaison ee befristeten Aarbechtsvertrag fir e puer Méint kréien. Méi wéi gesetzleche Mindestloun verdéngen des Leit net. Et ginn demnoo gréisstendeels prekär Aarbechtsplaze geschaaft. Ween ass bereet, eng schlechtbezuelten Aarbechtsplaz mat engem zäitlech befristeten Aarbechtsvertrag unzehuelen? Residenten? Wuel kaum. Grenzgänger? Schwéierlech. De Bedreiwer werd also gezwonge sinn, seng Aarbechtskräften wéi wäit ewech sichen ze goen.

  • #2

    Jean Jacquemart (Mittwoch, 30 Dezember 2020 02:50)

    1. Aarbechtsplazen schafen ass ëmmer gutt
    2. Een attraktive Projet fir den Tourismus am Eisléck a fir d'Gemeng besonnesch
    3. Emol eng Décisioun vun der Ministesch wou de Mënsch iwert der Déierewelt agestuft gëtt. Ech sin iwerzeecht dass d'Vullen an d'Wëllkatz sech upassen.
    4. Ass déi ganz Biergerinitiatif nët eng Fro vu Jalousie, well de Projet nët op hierer Mëscht gewuess ass?

  • #1

    Werner Heinz (Dienstag, 29 Dezember 2020 14:54)

    die dort oben im Ösling sollen doch froh sein wenn Arbeitsplätze geschaffen werden