· 

Vermësstemeldung: Wou ass eise Premierminister?

ass nach ee kapitän u bord?

Net d'Zuel vun den deeglechen Infektiounen, mais d'Zuel vun den Hospitalisatiounen an den Doudesaffer wären d'Haaptindicateuren am Kampf géint de Coronavirus, hunn de Premierminister Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an enger gemeinsamer Pressekonferenz de 17. Oktober 2020 argumentéiert. Des Zuelen wären ausschlaggebend fir weider Mesüren.

Dat war och de Credo vun enger weiderer Pressekonferenz den 21. Oktober 2020.

De 17. Oktober 2020 waren 51 Patienten hospitaliséiert, dovu 4 op der Intensivstatioun. Bis dohi waren 133 Doudesfall ze bekloen an d’Zuel vun den aktiven Infektiounen louch bei 1.870.

Gutt dräi Woche méi spéit huet sech souwuel d'Zuel vun den aktiven Infektiounen wéi och déi vun den Hospitalisatiounen sech verfënneftfacht. Mat 211 Doudesaffer huet och des Zuel en erschreckende Wert ugeholl. En interessanten Iwwerbléck kritt een och um Site vun Expat Notes Luxembourg, wou och periodesch d'Zuelen vun de getesteten Non-Résidents püblizéiert ginn. 

Vun eisem Premierminister héiert ee näischt, léiwer schéckt hien de Groussherzog oder d'Gesondheetsministesch vir. Hu mir nach ee Kapitän u Bord? Bei der Havarie vum Croisièresschëff "Costa Concordia" hat sech de Kapitän Francesco Schettino als éischt vu Bord gemaach. Wär et net un der Zäit, dass eise Premierminister sech zu Wuert melle géif, a wann et nëmme wär, de Familljen vun den 206 Doudegen am Numm vun der Regierung säi Bäileed auszespriechen ? hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0