· 

Hoffnung fir Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech

Iewescht Geriicht a Spuenien: Illegal gebauten Hotel- an Tourismuskomplex muss ofgerappt ginn

No engem Prozessmarathon vu 14 Joer krut d'Emweltschutzorganisatioun "Ecologistas en Acción“ endlech Satisfactioun. D'Iewescht Geriicht vu Spuenien zu Madrid huet den 8. Februar 2022 d'Demolitioun vun engem 4-Stäre-Luxushôtel mat 150 Zëmmeren, 185 Vakanzenhaiser a sämtlechen Fräizäitinstallatiounen wéi Golfterrain, Yachthafen, Piscinen, künstleche Strand awer och vun allen aneren Infrastrukturen wéi Kanalisatioun, Stroossen, Weeër a Kläranlag ordonnéiert. 

2007 hunn d'Aarbechten um Hotels- a Fräizäitressort "La Marina Isla de Valdecañas" ugefaangen an 2010 huet den Hotel an de Golfterrain de Betrib opgeholl. Déi éischt Vakanzenhaiser waren 2011 fäerdeg a goufen zum groussen Deel verkaaft.

"La Marina Isla de Valdecañas" läit am Banneland vu Spuenien, ronn 175 km südwestlech vun der Haaptstad Madrid, an der Regioun Extremadura.

Paralellen mat Lamy-Projet um Wämper Séi

Vun Ufank un huet sech de Widerstand géint deen iwwerdimensionalen Tourismusprojet a Spuenien forméiert. Emweltschützer vun der Organisatioun "Ecologistas en Acción“ (Ekologisten an Aktioun) hunn sech géint d'Implantatioun vun der "Marina Isla de Valdecañas" matzen an eng ausgewisen Natura-2000-Zone gewiert.

Et gi vill Parallellen mam Projet Lamy um Séi zu Wäiswampech, géint deen sech déi lokal Biergerinitiativ am Ufank mat Argumenter, dunn, well se souwuel bei der Emweltministesch Carole Dieschbourg (déi Gréng) wéi och beim Wämper Buergermeeschter Henri Rinnen (DP) op daaf Ouren gestouss ass, gezwonge war, de Rechtswee anzeschloen an ee Recours géint de Projet um Verwaltungsgeriicht eran ze ginn.

Souwuel de Projet a Spuenien wéi och deen zu Wäiswampech sinn iwwerdriwwe grouss. Zwar ass de Projet a Spuenien mat sengen 135 ha flächeméisseg dräi Mol méi grouss wéi de Lamy-Projet mat sengen 45 ha, mee trotzdeem ass dee riesegen Hotelskomplex zu Wäiswampech, mat Fitnessberäich a Konferenzzentrum ee gegelrechte Koloss matzen an der Natur. Geplangt ass zu Wäiswampech och nach ee "Fun-Park", eng Waasserskianlag an de Bau vun engem Vakanzenduerf mat 88 Vakanzenhaiser.

Trotz Geriichtsprozess baut de Promoteur Lamy säin Hotelskomplex tëscht den zwee Séien zu Wäiswampech monter weider.
Trotz Geriichtsprozess baut de Promoteur Lamy säin Hotelskomplex tëscht den zwee Séien zu Wäiswampech monter weider.

Genau wéi beim Projet "Marina Isla de Valdecañas" a Spuenien feelt och beim Lamy-Projet vu Wäiswampech eng sériö Impaktstudie. Dat eenzegt Dokument am Dossier ass ee sougenannten "Bilan écologique", eng Pseudo Bestandsopnahm vun der Planzewelt um Wämper Séi, déi de Promoteur selwer an Optrag ginn huet. Déi arteräich Déirewelt gouf komplett ignoréiert. Bei dësem sougenannten "Bilan écologique" handelt et sech  net em eng onofhängeg, wëssenschaftlech Impaktstudie, wat och d'Erklärung ass, firwat de Lamy déi zertstéiert Natur a Biotopen just duerch d'Uplanzen vu ganzer 11 neie Beem brauch ze kompenséieren. D'Daachbegringung an den Opfangbecken fir d'Knaschtwaasser vum Hotel kritt de Lamy souguer vun der Emweltministesch als Ersatzbiotopen guttgehalen.

Zwar läit de Lamy-Projet net direkt an enger Natura-2000-Zone, wéi dat a Spuenien de Fall ass, mee d'Naturreservat Conzefenn grenzt direkt un d'Areal vum Séi an en Deel vum ieweschte Séi, dem fréiere Fëscherséi, gëllt als Pufferzone zum Naturreservat. De Séi ass de Liewensraum vun enger ganzer Rei seltenen a geschützte Vullen, Amphibien an Säugedéieren. Mat de Joren huet sech de Wämper Séi zu engem wertvollen Ökosystem entwéckelt an hätt dofir missten als Schutzgebitt unerkannt a behandelt ginn.

Wéi a Spuenien gouf och zu Wäiswampech d'Gesetzgebung iwwer d'Bauen extrem generéis ugewand an et gouf mat allen Tricken geschafft, de Projet an eng bebaubar Zone eranzekréien.

Op déi spuenesch Emweltschützer gouf enormen Drock ausgeübt an de Buergermeeschter vun der Gemeng Berrocalejo huet de Geck mat hinne gemaach a se verantwortlech gemaach, wann d'Leit hir Aarbecht sollte verléieren. Déi Approche ass de Géigner vum Lamy-Projet net onbekannt.

Spuenescht Uertdeel: Illegal Anlag muss komplett ofgerappt an Terrain renaturéiert ginn

D'Uertdeel vum Ieweschte Geriicht a Spunien huet den 8. Februar 2022 decidéiert, dass déi illegal opgeriichten "Marina Isla de Valdecañas" komplett ofgerappt an den Terrain nees a seng urspünglesch Form bruecht muss ginn.

De Käschtepunkt fir d'Ofrappaarbechten läit bei 34 Milliounen Euro. Fir de Remboursement fir déi verkaaften Vakanzenhaiser muss de Bedreiwer de Proprietären nach eng Kéier 111 Milliounen Euro ausbezuelen.

D'Uertdeel ass an der Press zolitt kommentéiert ginn, virun allem a Spuenien selwer, awer och an der internationaler Press, wéi Däitschland an a Frankräich. Hei si Linken op verschidde Presseartikelen: op Däitsch: Stern, Frankfurter Allgemeine, HNA, op Franséisch: FR24, Générations nouvelles.

 

Déi spuenesch Emweltschutzorganisatioun "Ecologistas en Acción" huet sech nom Uertdeel an engem Communiqué zu Wuert gemellt. Si weist sech erliichtert a verlaangt eng offiziell Entschëllegung vun de Gemengeverantwortlechen, déi eng "infam" Campagne géint d'Emweltschützer gefouert hunn. "Ecologistas en Acción" bedauert, dass net vun Ufank un ee Baustopp vum Geriicht verhaange gouf, well elo géif et de Bedreiwer vill Geld kaschten fir alles ofzerappen an den Terrain nees a seng Usprungsform ze bréngen. An der Matdeelung vun der Emweltschutzorganisatioun gëtt ee vill Hannergrondinformatioune iwwert de Projet an d'Geriichtsprozedur a Spuenien gewuer. Hei geet et bei déi spuenesch Originalversioun vum Communiqué, an hei bei eng eng fräi Iwwersetzung op Däitsch.

Download
Matdeelung vun der spuenescher Emweltorganisatioun zum Uertdeel vum 8.2.2022 (fräi Iwwersetzung op Däitsch)
Freie Übersetzung der Mitteilung der Umw
Adobe Acrobat Dokument 101.1 KB

9. Mäerz 2022: Prozess am Dossier Lamy

Den 9. Mäerz 2022 kënnt et an der Affär, déi d'Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampech géint d'Décisioun vun der Emweltministesch am Dossier Lamy ugestrengt huet, zum Prozess virum Verwaltungsgeriicht.

No der intensiver Viraarbecht vum Wämper DP-Buergermeeschter Henri Rinnen, huet d'Emweltministesch Carole Dieschbourg (déi Gréng) dem belsche Groupe Lamy am September 2020 d'Autorisatioun fir säin Tourismusprojet um Séi ginn. De Groupe Lamy huet ënner anerem d'Genehmegung kritt fir iwwer 2 ha Bësch ofzeholzen an eng ganz Rei Biotopen ze zerstéieren fir säin Hotel op den Damm tëschent déi Séien ze bauen. Als Kompensatioun brauch de Groupe Lamy just 11 nei Beem unzeplanzen.

Des Autorisatioun gouf ausgestallt, obwuel sech déi Wämper Bierger am August 2019 an engem vun der Biergerinitiativ provozéierten an du vun der Gemeng Wäiswampech organiséierten Referendum ganz kloer, mat 60,1%, géint den Tourismusprojet ausgeschwat haten.

Sollt d'Lëtzebuerger Geriicht genausou eng couragéiert Decisioun huelen wéi d'Geriicht a Spuenien, da wär dat en Dämpfer fir d'Emweltministesch a fir de Wämper Buergermeeschter. Et géif de Groupe Lamy eng Staang Geld kaschten fir déi scho gebauten Strukturen ofzerappen an den Terrain nees a seng Ursprungsform ze bréngen. Ausserdeem missten, genau wéi a Spuenien, d'Proprietären, déi schonn en Hotelszëmmer kaaft hun, rembourséiert ginn. Wéi a Spuenien, ass och de Groupe Lamy poulriicht mat de Bauaarbechten weidergefuer, obwuel ee Recours géint d'Decisioun vun der Emweltministesch agereegt gouf. hh.

Juli 2020: Protestpiquet um Séi zu Wäiswampech.
Juli 2020: Protestpiquet um Séi zu Wäiswampech.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0