· 

Wäiswampech: Buergermeeschter lueft seng Geeschterstad

Vun Turbowuestum a scheinfirmen

Am Interview mat RTL huet de Wämper DP-Buergermeeschter Henri Rinnen, wéi gewinnt, nees déif an d’Trickkëscht gegraff fir unhand vu villen Zuelen seng Gemeng positiv duerzestellen. Oder geet et him haaptsächlech drëm, sech selwer an ee gutt Liicht ze réckelen? Schliesslech fënd de 9. Mäerz 2022 de Prozess statt, deen d’Biergerinitiative Gemeng Wäiswampech géint d'Emweltministesch Carole Dieschburg (déi Gréng) ugestrengt huet. An deem Prozess geet et em d'Genehmegung fir den iwwerdimensionalen Tourismusprojet um Séi, deen den Henri Rinnen partout wëllt duerchboxen.

Obwuel déi Wämper Bierger sech am August 2019 an engem vun der Gemeng organiséierten Referendum mat grousser Majoritéit géint dësen Tourismusprojet um Séi ausgesprach hunn, an dem Buergermeeschter domat onmëssverständlech ze verstoe ginn hunn, dass et duergeet mat deem wëllen Droplassgebauts, mat der Zerstéirung vun der Natur a mat der Verschandlung vun der Gemeng, huet hien de Verdikt vun de Bierger rücksichtslos ignoréiert an ass monter weidergefuer mam Wildwuchs.

Turbowuestum

Um Radio bretzt sech den Henri Rinnen domat, dass d’Gemeng Wäiswampich innerhalb vun 20 Joer vun 1.000 op iwwer 2.200 Awunner gewues ass an dass 4.800 Leit zu Wampech eng Aarbechtsplaz hätten. 

Am Kloertext heescht dat, dass d’Awunnerzuel an der Gemeng Wäiswampech an de leschten 20 Joer em 120% geklommen ass. Dest ass méi wéi eng Verduebelung. Am Verglach: landeswäit ass d’Awunnerzuel am selwechten Zäitraum just em 44% - vu 439.539 op 634.730 - eropgaang. Dat geet aus de Chifferen vum Statec ervir (Säit 5 vum Bericht).

Komesch ass, dass een an deene sëllegen Residencen kee Mënsch untrëfft an et owes, bis op e puer Ausnahmen, do wou grad eng Luucht brennt, et komplett däischter ass an ee sech virkënnt wéi an enger verloossener Geeschterstad.

Bréifkëschtefirmen

Den Turbowuestum zu Wäiswampech mecht och virun der Ekonomie net halt. Um Radio mengt sech de Buergermeeschter mat deenen 4.800 Arbechtsplazen, déi, Dank him, an der Gemeng Wäiswampech entstane sinn. Kuckt een sech de vermeintlechen Opschwong awer mol am Detail un, da stellt ee fest, dass Villes, wat den Henri Rinnen sot, Bluff ass oder verzerrt duergestallt gëtt. 

 

Extrait aus dem "Répertoire des entreprises luxembourgeoises" vum Statec.
Extrait aus dem "Répertoire des entreprises luxembourgeoises" vum Statec.

Tatsächlech sinn an der Gemeng Wäiswampech, laut Statec, insgesamt 671 Betriber ugemellt (Säit 6 vum Répertoire des entreprises).

 

Wäiswampech séchert sech domat eng Plaz am Spëtzepeloton a reiht sech, bezunn op d’Zuel vun de Betriber, an d’Géigend vu Gemengen wéi Stroossen, Bartreng, Déifferdeng, oder Péiteng an.

 

Wäiswampech stellt, laut Statec, 1,8% vu sämtleche Betriber am Land, obwuel d’Gemeng just 0,3% vun der Gesamtawunnerzuel duerstellt. Spéitstens do misst et klicken.

 

Op 100 Awunner kommen an der Gemeng Wäiswampech 30 Betriber, woumat des Nordgemeng sech däitlech vum Landesduerchschnëtt ofsetzt. Landeswäit kommen nämlech op 100 Awunner just 5 Betriber.

Besonnesch Transportbetriber zitt et op Wäiswampech, vun deenen der ronn 70 do ugemellt sinn, dorënner souguer eng hallef Dosen Firmen aus dem Beräich vun der Flossschëffahrt an eng Firma aus dem Loftfrachtsecteur, dat owbuel des Gemeng weder eng Ubannung un d'Musel, nach ee Flughafen huet. Och d’Infrastrukturen fir all des Betriber, virun allem Transportbetriber, sicht ee vergeblech. De Grond fir des Zoustänn? De Gros vun de Betriber zu Wäiswampech si Bréifkëschtefirmen. An dat schléit sech och an den Zuelen vun de "geschafenen" Aarbechtsplazen néier. Genau wéi bei de Scheinfirmen, handelt et sech zum gréissten Deel em virtuell Aarbechtsplazen. Des Bréifkëschtefirmen beschlagnahmen ee groussen Deel vun de Wunnéngen an den neie Betonskëschten an der Duarrefstrooss, op der Wemperhardt an zu Beiler.  Et handelt sech also em Wunnraum, dee quasi déi ganzen Zäit eidel steet, an dat trotz Wunnéngsnout.

Dëst si Fakten, déi de Wämper Buergermeeschter sengen Awunner an dem Land gäre virenthält, déi der Gemeng Wäiswampech awer an nächster Zukunft kräfteg em d’Oure schloe kënnen, nämlech dann wann d’EU, wéi ugekënnegt, mam Kampf géint d’Lëtzebuerger Bréifkëschtefirmen lassleet. hh.

Kommentar schreiben

Kommentare: 0