· 

Mobilitéit.lu, e ganz besonnescht Erliewnis

Mobilitéit.lu, e ganz besonnescht erliewnis

Eis Regierung hätt gär, dat mir Bierger méi mam öffentlechen Transport fueren. Daat ass och gudd sou. Et ass gudd fir eis selwer an och gudd fir eise Klima an ët kascht och naischt méi, jiddefalls nët direkt. Bei der praktescher Emsetzung haapert et allerdengs, wéi ech dës Woch bei enger Rées vu Walfer op Jonglënster feststelle konnt:

 

Wéi ech kuerz vrun 9 beim Centre culturel zu Walfer ukoum, hun ech gesin, dat de nächste Bus siewe Minute mi spéid geng kommen a war dorops ganz optmistesch, dat ech den Timing, deen ech mer gesaat haat, anhaale geng. No mobilitéit.lu hätt ech an circa enger Stonn missen zu Jonglênster sen, waat relativ vill ass, am Verglaich zum Auto, mä soe mer éierlech, ech haat kee Choix wëll main Auto stoung zu Jonglënster am Garage!

 

Mä op der Eecher Plaaz goung eppes schrecklech schief ; de Bus ass nët stoe bliwen! Ech hu séier op mobilitéit.lu nogekuckt: Demno haett ech missen an 41 Minute aus der Staad zu Jonglënster ukomment, waat nach ëmmer a main Timing gepasst hätt. Mä wéi ech dun vun der Badanstalt op den Hamilius getrëppelt sen, koume mir Zweifel: Ech hu weder Jonglënster, nach Ierchternach op engem vun de Panneau gesin. Ech hu bei mobilitéit.lu ugeruf, mä d'Leitung war doud. Ech hun du nach eng Kéier am Internet gekuckt: Do stoung de Bus fir op Jonglënster geng um Arrêt Monterey fortfueren. Montrrey daat soot mir eppes, mä um Boulevard Royal duecht ech beemol, daat misst dach ënnen beim Boulevard Royal sen, an tatsächlech: Mä am Plaaz vun Monterey stoung do Monterey Parc. Ech se weider gaang, well ech do nach en zweeten Arrêt gesin haat; mä vun do aus fueren d'Bussen an de Süden. Ech hu nées mobilitéit.lu ugeruf. No baal zeng Minuten huet sech eng jonk Fra gemellt, déi mer awer och nët soe konnt, wou Monterey wir.

 

Während sie dunn an hierem Computer gesicht huet, sen ech zrëck op den Hamilius gaang. Am Zweifel hält sech de Mensch gewéintlech und daat, waat e kennt: Wéi ech dun e Bus Richtung Dummeldeng gesin hun; hun ech nët laang gezëckt a sen einfach rageklomm. Ech war zimlech sëcher, dat ech sou nees op d’Eecher Plaaz kéim.

 

Di jonk Fra bei mobilitéit.lu huet sech du misse un di nei Situatioun upassen: Sie soot mer, wann ech iwert d'Eecher Plaaz geng fuere, misst ech nach eng Kéier wiesselen. Eng aaner Meiglechkeet wier iwert d'Luxexpo. Obwuel ech an Tëschenzait um Lampertsbierg war, sen ech du nët rausgeklomm. Ech hu gefaart, ech geng mech op Luxexpo verléiren an um Enn awer nët op Jonglënster kommen. Dogéint huet mer d’Eecher Plaaz schon déi sëcher Léisung geschengt.

 

Souwait ech verstaan hat, hätt ech op der Eecher Plaaz de Bus 32 sollen huelen. Wéi ech rausgeklomme sen, hun ech festgestallt, dat ech schon an deem Bus soutz a se nees séier rageklomm. Ech hu geduecht, dee Bus geng schon iergendwou op der Ierchternacher Strooss stoe bleiwen, mä nodeem mer dunn zu Weimerskierch waren,  hunn du virsiichtshalber mol de Chauffeur gefroot, dee mer soot, hie geng bis bei de Lavals Park fueren wou den Ierchternacher Bus nët hält. Also sen ech virdru rausgeklomm. De Chauffeur haat mer schon erklärt, ech misst dann e puer Traapen rofgoen an huet mer daat suguer gewisen, mä du war ech beemol op der Stroos fir op Dummeldeng. Gemengenaarbeschter hu mer du gewisen, wou de Bus fir op Ierchternach geng fortgoen, mä se woussten och nët, wéi een op di aaner Stroossesait kéim. 

 

Um zeng Auer war ech du endlech um Arrêt, deen, soit dit en passant, ongefeier 3 Kilometer vun do lait, wou ech fortgaang sen. 24 Minute méi spéid koum dunn tatsächlech och de Bus, deen, waat e Wonner, baal eidel war. De Bus war komfortabel a gudd gehëtzt, waat no all deem dobasse Waarde richteg agréable war. Och d'Fahrt duerch de Grengewald war trotz dem ville Gestuckels flott: Fir mech haett de Chauffeur sech do roueg kënne méi Zait huelen.

 

No Eesebuer ware mer nach just zu drai am Bus. Och hei, schei Landschaften. Eigentlech schued, datt de Bus keen Doppeldeckerbus mat oppenem Daag war; soss hätte mer nach méi profiteiert!

 Zu Aamber hu mer alt nées e Passageier verluer. Eigentleech schued, wëll och Buerglënster ass trotz de villen eckegen Neibauten nach ëmmer beschaulech. Iwert Felder ass et du weider gaang. Ech hu Pärd, Schoof an och eng mir nach onbekannten Zort Kéi gesin. En Tracteur huet eis du opgehaal, an ech konnt majesteitesch Galloway Ranner bewonneren. Kuerz vru Jonglênster hun du rechteckeg Cuben de Retour an d'Zivilsatioun ugekënnegt. Trotzdem hun ech puer Beiekëschten an engem Virgärtchen erblëckst a mer di verschnörkelt Enseignen iwert den Hausdieren an aller Rou ugekuckt. Dann, lënks vun der Strooss e Weier, dee mer bis dohin nach nie opgefall war.

 

D'RTL-Antennen um Horizont soote mer, dat et geschwe riwer wier. Riwer mat der Kamouditéit, riwer mat der schéiner Landschaft. Zwou Stonne méi spéid sen ech an nach een weidere Passagéier du op engem plaakege Parking matsen a Jonglênster rausgeklomm. Zeng Minute méi spéid, no engem Marsch laanscht d’Strooss an duerch Auspuffgasen endlech bei mengem Auto ukomm, dee mech an zwanzeg Minuten heem bruecht huet. T‘war och schéin, mä d’nächst Kéier, wann ech ganz vill Zäit hunn, fueren ech nees mam Bus!

 

De klengen Zyniker

Kommentar schreiben

Kommentare: 2
  • #1

    Vicky Wagner (Sonntag, 17 Oktober 2021 07:53)

    Mir zu Rippech hu guer kee Bus�

  • #2

    Hubert Hollerich (Sonntag, 17 Oktober 2021 08:26)

    Vicky Wagner, wat seet dann d'Gemeng dozou? Setzt déi sech an, dass Rippech un d'Busnetz ugeschloss gëtt?