· 

Urban Art zu Wolz

Konscht op e puer ar

Wéi oft sinn ech scho laanscht gefuer an hunn dat Bild op der Fassad vun deem Haus op der Lann zu Nidderwolz bewonnert. Et gëtt deem dach éischter groe Quartier e bësse Pepp.

D’Konschtwierk un der Fassad vun der Crèche nieft deem ale Footballsterrain hunn ech bis viru kuerzem mol guer net kannt. Ee Bekannten huet mech drop opmierksam gemaach.

Streetart vum Dulk aus Spuenien

De Kënschtler, deen d’Fassad vum Haus op der Lann zu Nidderwolz realiséiert huet, heescht Antonio Segura. Hie wunnt vu Valencia a Spuenien. Ënnert sengem Kënschtlernumm Dulk, huet hien sech am Urban Art an an der Wandmolerei eng gewësse Renommée verschaaft. No sengem Studium huet den Dulk sech och der Skulptur an der Fotografie higinn. Als Sujet dengen oft Déieren, déi vrum Ausstierwe bedreet sinn. Iwwert de Wee vun der Konscht wëllt hien op d’Verletzlechkeet vun der Natur an den Ökosystemer opmierksam maachen.

Dem Dulk säi Konschtwierk fënd een op 39, avenue de la Gare zu Wolz. Hei geet et op dem Kënschtler seng Homepage.

Dem Dulk säi Konschtwierk zu Wolz op der Lann.
Dem Dulk säi Konschtwierk zu Wolz op der Lann.

Streetart vum Vitché aus Brasilien

Dass Gebaier vu Crèchen net ëmmer monoton Cuben musse sinn, gëtt unhand vun der Crèche « Stadmais » vu Wolz gewisen. Schonn eleng d’Fassad ass kuckeswäert. Si ass vum brasilianesche Graffiti-Kënstlecher Vitché realiséiert ginn an ass ee reegelrecht Konschtwierk.

De Vitché, dee mam richtegen Numm Vincente Rodrigues heescht, ass zu São Paulo op d’Welt komm a wunnt nach ëmmer do. De Vitché engagéiert sech och politesch a wëllt mat senger Konscht de Mënsche weisen, dass et och eppes anescht gëtt wéi Konsum, nämlech eng Gemeinschaft mat engem Bewosstsinn fir hir eege sozial Identitéit.

Dem Vitrché seng Wandmolerei fënnt een op Nummer 13, rue des Sports zu Wolz. Hei de Link fir op säi Blog. hh.

Dem Vitché säi Konschtwierk an der Rue des Sports zu Wolz.
Dem Vitché säi Konschtwierk an der Rue des Sports zu Wolz.
Dem Vitché säi Stil ass onverwiesselbar.
Dem Vitché säi Stil ass onverwiesselbar.
Eng Crèche kann och faarweg sinn a muss kee monotone Cube sinn.
Eng Crèche kann och faarweg sinn a muss kee monotone Cube sinn.

Video iwwert dem Vitché seng Wandmolerei zu Wolz

Kommentar schreiben

Kommentare: 0